Return   Facebook   Zip File

Obligatory

Eemol a véieranzwanzeg Stonnen - mëttes - ze soen:

Ech bezeien, o mäi Gott, dass Du mech erschaf hues, fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech bekennen an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir, Deen, deen hëlleft a Gefor, Deen, deen duerch sech selwer ass.

#14311
- Bahá'u'lláh

 

Eemol a véieranzwanzeg Stonnen ze soen.

Wien dëst Gebiet soe wëll, soll opstoen a sech zu Gott dréien, a wann en do steet, soll en no riets an no lénks kucken, wéi wann e waarde géif op d’Erbaarme vu sengem Här, dem Baarmhäerzegsten, Deem, dee Matleed huet. Da soll e soen

O Du, deen s Du den Här iwwer all Nimm an de Schëpfer vun den Himmele bass! Ech bieden Dech bei hinnen, déi d’Moiessonne vun Dengem onsichtbare Wiese sinn, dat héich iwwer allem steet, deem Allherrlechen, maach aus mengem Gebiet e Feier, dat d’Schleiere verbrennt, déi mech vun Denger Schéinheet getrennt hunn, an e Liicht, dat mech bei d’Mier vun Denger Präsenz féiert.

Da soll en am Gebiet zu Gott - geseent a gelueft sief Hien d’Hänn erhiewen a soen:

O Du, no deem d’Welt verlaangert an deen d’Vëlker gär hunn! Du gesäis, wéi ech mech no Dir riichten, fräi vun all Unhänglechkeet un iergendeen ausser Dir, a wéi ech mech un Däi Seel klameren, duerch deem Seng Beweegung d’ganz Schëpfung opgerëselt gouf. Ech sinn Däin Dénger, o mäin Här, an de Jong vun Dengem Dénger. Kuck, wéi ech do stinn, bereet, Däi Wëllen an Däi Wonsch ze erfëllen, an näischt aneres begiere wéi dat, wat Dir gutt gefält. Ech bieden Dech beim Mier vun Denger Baarmhäerzegkeet an der Sonn vun Denger Gnod, géi mat Dengem Dénger ëm, wéi s Du wëlls a wéi et Dir gefält. Bei Denger Muecht, déi wäit iwwer all Wuert a Luef steet! Wat och ëmmer duerch Dech offenbaart gëtt, ass dat, wat mäin Häerz sech wënscht, a wat meng Séil gär huet. O Gott, mäi Gott! Kuck net op dat, wat ech hoffen a wat ech maachen, neen, kuck léiwer op Däi Wëllen, deen d’Himmelen an d’Äerd ëmschléisst. Bei Dengem Gréissten Numm, o Du Här vun allen Natiounen! Ech hunn nëmmen dat gewënscht, wat s Du gewënscht hues, an hunn nëmmen dat gär, wat s Du gär hues.

Da soll e sech knéien, an iwwerdeems en d’Stier op de Buedem leet, soll e soen:

Héich stees Du iwwer der Beschreiwung vun iergendengem ausser Dir an dem Verstoe vun allem aneren ausser Dir.

Da soll en opstoen a soen:

Maach aus mengem Gebiet, o mäin Här, eng Quell vu liewege Gewässer, duerch déi ech esou laang liewe ka wéi Deng Herrschaft dauert, an Dech an all Welt vun Denge Welten ernimme kann.

Da soll en erëm d’Hänn am Gebiet an d’Luucht hiewen a soen:

O Du, duerch d’Trennung vun Deem Häerzer a Séile schmëlzen, an duerch d’Feier vun Deem Senger Léift déi ganz Welt sech entflaamt. Ech bieden Dech bei Dengem Numm, duerch deen s Du déi ganz Schëpfung ënnerworf hues, net dat vu mir ewechzehalen, wat bei Dir ass, o Du, deen s Du iwwer d’Mënschen all regéiers! Du gesäis, o mäin Här, wéi dëse Frieme sech fläisst um Wee fir a säin héchstent Heem, ënner dem Himmel vun Denger Majestéit an am Haff vun Denger Baarmhäerzegkeet, a wéi dëse Sënner d’Mier vun Dengem Verzeie sicht, an dësen Onbedeitenden den Haff vun Denger Herrlechkeet, an dës aarm Kreatur d’Moiessonn vun Dengem Räichtum. Dir steet et zou, all Uerder ze ginn, deen s Du wëlls. Ech bezeien, dass Du gelueft muss gi fir dat, wat s Du méchs, dass Dengem Uerder gefollegt muss ginn an dass Du fräi muss bleiwen an Dengem Uerder.

Da soll en d’Hänn hiewen an dräimol de Gréissten Numm (Alláh’u’Abhá) widderhuelen. Da soll e sech viru Gott - geseent a gelueft sief Hien - vernäipen, d’Hänn op d’Knéie leeën, a soen:

Du gesäis, o mäi Gott, wéi mäi Geescht an all menge Glidder a Kierperdeeler opgewullt gouf a sengem Verlaangeren, Dech unzebieden, an a sengem Begieren, un Dech ze denken an Dech ze luewen; wéi en dat bezeit, wat d’Zong vun Dengem Uerder bezeit huet am Räich vun Denger Sprooch an am Himmel vun Dengem Wëssen. An dësem Zoustand, o mäin Här, géing ech Dech gär ëm alles bieden, wat bei Dir ass, fir kënne meng Aarmut ze weisen an Deng Mëtschgiewegkeet an Deng Räichtemer ze verherrlechen, a fir kënne meng Schwächt ze bekennen an Deng Kraaft an Deng Muecht ze manifestéieren.

Da soll en opstoen, d’Hänn zweemol am Gebiet hiewen a soen:

Et gëtt kee Gott ausser Dir, dem Allmächtegen, dem Ganzgeneréisen. Et gëtt kee Gott ausser Dir, Deem, dee bestëmmt am Ufank wéi um Enn. O Gott, mäi Gott! Däi Verzeien huet mech kéng gemaach, an Deng Baarmhäerzegkeet huet mech gestäerkt, an Däi Ruff huet mech erwächt, an Deng Gnod huet mech opgeriicht an zu Dir gefouert. Wie sinn ech ouni dat, dass ech et woe géif, beim Agang vun der Stad no bei Dir ze stoen, oder mäi Gesiicht an d’Liicht ze halen, dat aus dem Himmel vun Dengem Wëlle schéngt? Du gesäis, o mäin Här, dës aarmséileg Kreatur un d’Dier vun Denger Gnod klappen, an dës vergänglech Séil de Floss vum éiwege Liewen aus den Hänn vun Denger Guttheet sichen. Du bass Deen, deen Uerdere gëtt zu allen Zäiten, o Du, Här vun allen Nimm, an ech sinn deen, dee sech Dir ergëtt a sech wëlleg ënner Däi Wëlle stellt, o Schëpfer vun den Himmelen!

Da soll en d’Hänn dräimol hiewen a soen:

Gott ass méi grouss wéi all Groussen!

Da soll e sech knéien, an iwwerdeems en d’Stier op de Buedem leet, soll e soen:

Ze héich bass Du, fir dass de Luef vun deenen, déi bei Dir sinn, den Himmel no bei Dir géing erreechen, oder fir dass d’Vigel vun den Häerzer vun deenen, déi Dir ergi sinn, zum Agang vun Denger Paart kéimen. Ech bezeien, dass Du gehellegt bass iwwer all Eegenschaften an helleg iwwer all Nimm. Et gëtt kee Gott ausser Dir, deem Allerhéchsten, deem Allherrlechen.

Da soll e sech setzen a soen:

Ech sinn Zeie vun deem, wat all erschafe Saachen, d’himmlesch Versammlung, d’Awunner vum allerhéchste Paradis, an iwwer si eraus d’Zong vun der Gréisst selwer vum allherrlechen Horizont aus, bezeit hunn, dass Du Gott bass, dass et kee Gott gëtt ausser Dir, an dass Hien, deen offenbaart gouf, dat Verbuergent Geheimnis ass, dat geschätztend Zeechen, duerch dat d’Buschtawe S, I ,E an F (Sief) zesummebruecht a verbonne goufen. Ech bezeien, dass Hien et ass, deem Säin Numm duerch d’Fieder vum Héchsten opgeschriwwen an deen ernimmt gouf an de Bicher vu Gott, dem Här vum Troun do uewen an op der Äerd heinidden.

Da soll e sech stellen a soen:

O Här vun allem, wat et gëtt, a Besëtzer vun alle Saachen, déi ee gesäit an déi een net gesäit! Du hëls meng Tréinen a mäi Keimen an Uecht, an Du héiers mäi Jéimeren, a mäi Kräischen, an d’Kloe vu mengem Häerz. Bei Denger Muecht! Meng Iwwertriedungen hu mech dru gehënnert, fir méi no bei Dech ze kommen; a meng Sënnen hu mech wäit ewechgehal vum Haff vun Denger Hellegkeet. Deng Léift, o mäin Här, huet mech beräichert, an d’Trennung vun Dir huet mech zerstéiert, a wäit ewech ze si vun Dir huet mech opgeziert. Ech bieden Dech, bei Denge Foussspueren an dëser Wildnis, a bei de Wierder «Hei sinn ech. Hei sinn ech», déi Deng Auserwielten an dëser Onendlechkeet ausgeschwat hunn, a beim Otem vun Denger Offenbarung an dem duusse Wand vum Muere vun Denger Manifestatioun, maach, dass ech op Deng Schéinheet kucken, an all dat beuechten, wat an Dengem Buch ass.

Da soll en dräimol de Gréissten Numm widderhuelen a sech verneigen, d’Hänn op d’Knéie leeën, a soen:

Sief gelueft, o mäi Gott, dass Du mir gehollef hues, Denger ze gedenken an Dech ze luewen, a mech mat Him bekannt gemaach hues, deen d’Moiesliicht vun Dengen Zeechen ass, an dass Du mech dozou bruecht hues, mech virun Denger Herrschaft ze vernäipen, a mech virun Denger Gottheet kleng ze maachen, an dat unzeerkennen, wat d’Zong vun Denger Gréisst verkënnegt huet.

Da soll en opstoen a soen:

O Gott, mäi Gott! Mäi Réck ass gekrëmmt vun der Laascht vu menge Sënnen, a meng Noléissegkeet huet mech zerstéiert. All Kéier wann ech mäi schlecht Wierken an Deng Guttmiddegkeet bedenken, schmëlzt mäin Häerz a mir, a mäi Blutt kacht a mengen Oderen. Bei Denger Schéinheet, o Du, no deem d’Welt verlaangert! Ech gi rout am Gesiicht, wann ech mäi Bléck op Dech riichten, an ech schumme mech, meng Hänn, déi verlaangeren, zum Himmel vun Denger Generositéit ze strecken. Du gesäis, o mäi Gott, wéi meng Tréine mech dervun ofhalen, Denger ze gedenken an Deng Dugenden ze luewen, o Du, den Här vum Troun do uewen a vun der Äerd heinidden! Ech bieden Dech bei den Zeeche vun Dengem Kinnekräich an de Geheimnisser vun Denger Herrschaft, géi esou ëm mat deenen, déi s Du gär hues, wéi et Denger Generositéit entsprécht, o Här vun allem, wat besteet, a wéi et Denger Gnod wierdeg ass, o Kinnek vum Sichtbaren an Onsichtbaren!

Da soll en dräimol de Gréissten Numm soen, sech knéien, d’Stier op de Buedem leeën, a soen:

Sief gelueft, o eise Gott, dass Du eis dat erofgeschéckt hues, wat eis no bei Dech bréngt, an eis mat all deem Gudde versuergs, wat s Du an Denge Bicher an an Denge Schrëften erofgeschéckt hues. Mir bieden Dech, o eisen Här, behitt eis virun der Onmass vun eidelen Abildungen an huele Virstellungen. Du bass, wierklech, de Mächtegen, Deen, deen alles weess.

Da soll en de Kapp an d’Luucht hiewen, sech setzen, a soen:

Ech bezeien, o mäi Gott, wat Deng Auserwielte bezeit hunn, an erkennen un, wat d’Awunner vum allerhéchste Paradis, an déi, déi Däi mächtegen Troun ëmkreesen, unerkannt hunn. Dir gehéieren d’Kinnekräicher vun der Äerd a vum Himmel, o Här vun alle Welten!

#14313
- Bahá'u'lláh

 

All Dag moies, mëttes an owes ze soen.

Deen, dee biede wëll, soll sech d’Hänn wäschen, an iwwerdeems e se wäscht, soll e soen:

99

Maach meng Hand staark, o mäi Gott, fir datt si sech esou fest un Dengem Buch kann unhalen, dass d’Arméie vun der Welt keng Muecht iwwer si kréien. Hal si dann dovun of, fir sech mat iergend eppes ze befaassen, wat hir net zousteet. Du bass, wierklech, den Allmächtegen, de Stäerksten.

An iwwerdeems e sech d’Gesiicht wäscht, soll e soen:

Ech hunn Dir mäi Gesiicht zougedréit, o mäin Här! Erliicht et mat der Luucht vun Dengem Ubléck. Hal et dann dovun of, sech iergend engem zouzedréien ausser Dir.

Da soll en opstoen, an zur Qiblih* gedréit, soll e soen:

Gott ass Zeien, dass et keen anere Gott gëtt ausser Him. Seng sinn d’Räicher vun der Offen- barung an der Schëpfung. Hien huet, wierklech, Deen erschénge gelooss, deen d’Moiessonn vun der Offenbarung ass, deen um Sinai geriet huet, duerch deen den Héchsten Horizont un d’Liichte bruecht gouf, an den hellege Bam, iwwer deen een net erauskënnt, geschwat huet, an duerch deen de Ruff un all déi gaang ass, déi am Himmel an op der Äerd sinn: «Kuck, Deen, deem alles gehéiert, ass komm. Äerd an Himmel, Herrlechkeet an Herrschaft gehéiere Gott, dem Här vun alle Mënschen an dem Besëtzer vum Troun do uewen an heinidden op der Äerd!»

Da soll e sech verneigen, d’Hänn op d’Knéie leeën a soen:

Héich stees Du iwwer mengem Luef an dem Luef vun iergend engem ausser mir, iwwer men- ger Beschreiwung an der Beschreiwung vun all deenen, déi am Himmel an op der Äerd sinn!

Da soll en am Stoen, mat oppenen Hänn, mat den Handflächen no uewen an dem Gesiicht zougedréit, soen:

Enttäusch net deen, o mäi Gott, dee sech mat biedende Fangeren un de Som vun Denger Baarmhäerzegkeet an Denger Gnod geklamert huet, o Du, dee vun deenen, déi Baarmhäerzegkeet weisen, de Baarmhäerzegsten ass!

Da soll e sech setzen a soen:

Ech sinn Zeie vun Denger Eenheet an Denger Eenzegkeet, an dass Du Gott bass, an dass et keen anere Gott gëtt niewent Dir. Du hues, wierklech, Deng Saach offenbaart, Däi Bond erfëllt an d’Dier zu Denger Gnod wäit opgemaach fir all déi, déi am Himmel an op der Äerd wunnen. Seegen a Fridden, Grouss an Herrlechkeet solle rouen op deenen, déi s Du gär hues, déi d’Ännerungen an d’Zoufäll vun der Welt net dervun ofgehal hunn, fir sech no Dir ze dréien, an déi alles hierginn hunn an der Hoffnung, dat ze kréien, wat bei Dir ass. Du bass wierklech Deen, deen ëmmer verzeit, de Ganzgeneréisen.

Wann ee léiwer, amplaz vum laange Vers, dës Wierder wëllt soen:

«Gott ass Zeien, dass et keen anere Gott gëtt ausser Him, Deem, deen hëlleft a Gefor, Deem, deen duerch sech selwer ass.», da geet dat duer. An et geet och duer, wann een iwwerem Sëtze léiwer dës Wierder wëllt soen: «Ech bezeien Deng Eenheet an Deng Eenzegkeet, an dass Du Gott bass, an dass et keen anere Gott gëtt niewent Dir.»

Punkt vun der Ubiedung, d.h. Bahjí, Akká

#14312
- Bahá'u'lláh

 

General

Bond

Verfesteg eis Schrëtt op Dengem Pad, o Här, a stäerk Du eis Häerzer andeems mir Dir follegen. Dréi eis Gesiichter der Schéinheet vun Denger Eenzegkeet zou, an erfree eist Häerz mat den Zeeche vun Denger gëttlecher Eenheet. Verschéiner eis Leiwer mam Kleed vun Denger Guttheet, huel de Schleier vun der Sëndhaftegkeet vun eisen Aen ewech, a reech eis de Kielech vun Denger Gnod; fir datt d‘Essenz vun all Wiesen Däi Luef sange ka beim Ubléck vun Denger Gréisst. Offenbar Dech dann, o Här, duerch Däi baarmhäerzegt Wuert an d’Geheimnis vun Dengem gëttleche Wiesen, fir dass déi helleg Extas vum Gebiet eis Séile fëlle kann - e Gebiet dat sech wäert iwwer Wierder a Buschtawen erhiewen an iwwer d’Gegrommels vu Silben an Téin erauswiisst, fir dass all Saachen an en Näischt zesummefléisse kënnen - virun der Offenbarung vun Dengem Glanz.

Här, dëst sinn Dénger, déi fest a standhaft an Dengem Bond an Testament bliwwe sinn, déi sech festgehal hunn um Seel vun der Bestännegkeet an Denger Saach, an déi sech un de Som vum Kleed vun Denger Gréisst geklamert hunn. Stéi hinne bäi, o Här, mat Denger Gnod, bestäteg si mat Denger Muecht a stäerk hir Lenne fir Dengem Gebot nozegoen. Du bass Deen, dee verzeit, de Gnädegen.

#14213
- `Abdu'l-Bahá

 

Eenheet a Fridden

O mäi Gott, o mäi Gott! Vereeneg d’Häerzer vun Dengen Dénger a weis hinnen Däi grousse Plang, datt si Denge Geboter kënnen nogoen an Däi Gesetz beuechten. Hëllef hinnen, o Gott, an hirem Beméien, a schenk hinne Kraaft, Dir ze déngen. O Gott! Iwwerlooss si net sech selwer, mee leet hir Schrëtt mam Liicht vun Dengem Wëssen, an erfree hir Häerzer mat Denger Léift. Du bass wierklech Deen, deen hinnen hëlleft an Du bass hiren Här.

#14214
- Bahá'u'lláh

 

Du gudden Här! Du hues d’ganz Mënschheet aus deem selwechte Stamm erschaf. Du hues bestëmmt, dass si all zum nämmlechte Stot gehéieren. An Denger helleger Präsenz si si all Deng Dénger, an d’ganz Mënschheet fënnt en Ënnerdaach an Dengem Hellegtum. Si sinn all um Dësch vun Denger Mëtschgiewegkeet versammelt; si sinn all erliicht vun der Luucht vun Denger Vorseeung.

O Gott! Du bass gutt zu jiddwerengem, Du suergs fir jiddwereen, Du pass op jiddwereen op, Du gëss jiddwerengem d’Liewen. Du hues jiddwerengem Talenter a Fäegkeete ginn, an alleguer si si an d’Mier vun Dengem Erbaarme gedaucht.

O Du gudden Här! Vereeneg si all. Looss d’Relioune sech eens ginn a vereeneg d’Natiounen, fir dass si een deen anere wéi eng Famill gesinn an d’ganz Äerd wéi een Doheem. O dass si dach alleguer a vollkommener Harmonie zesummeliewen!

O Gott! Erhief Du de Fändel vun der Eenheet vun der Mënschheet.

O Gott! Erriicht de Gréisste Fridden.

Schmëlz Du, o Gott, d’Häerzer zesummen.

O Du gudde Papp, Gott! Erfree eis Häerzer duerch den Doft vun Denger Léift. Erliicht eis Aen duerch d’Luucht vun Denger Féierung. Erfree eis Ouere mat der Melodie vun Dengem Wuert a behitt eis all an der Festung vun Denger Vorseeung.

Du bass de Mächtegen an de Staarken, Du bass Deen, dee verzeit an Deen, deen d’Mängel vun der ganzer Mënschheet iwwersäit.

#14215
- `Abdu'l-Bahá

 

Elteren

Et gehéiert sech, dass den Dénger no all Gebiet Gott biet, sengen Elteren Erbaarmen a Verzeiung ze bewëllegen. Esou wäert d’Stëmm vu Gott sech erhiewen: «Wat s du fir deng Eltere gefrot hues, kriss du dausendfach als Belounung!» Geseent ass deen, deen u seng Elteren denkt, wann hie mat Gott kommunizéiert. A Wierklechkeet gëtt et keen anere Gott ausser Him, de Mächtegen, Deen, dee jiddweree gär huet.

#14216
- The Báb

 

O Här! An dëser gréisster Offenbarung akzeptéiers Du d’Gebieder vun de Kanner fir hir Elteren. Dat ass eng vun de besonneschen, onendleche Geschenker vun dëser Offenbarung. Akzeptéier dofir, o Du generéisen Här, d’Ufro vun Dengem Dénger op der Schwell vun Denger Eenzegkeet an dauch säi Papp an den Ozean vun Denger Gnod, well dëse Jong huet sech erhuewen, fir Dir ze déngen, a beméit sech zu jiddwer Zäit um Wee vun Denger Léift. Du bass wierklech Deen, dee gëtt, Deen, dee verzeit, an de Gnädegen.

#14217
- `Abdu'l-Bahá

 

O gëttlech Vorseeung!

Dauch de Papp an d’Mamm vun dësem Dénger un Denger Schwell an den Ozean vun Denger Verzeiung a rengeg an helleg si vun all Sënn a Verstouss. Gewär hinnen Deng Verzeiung a Baarmhäerzegkeet a schenk hinnen Däi gnädege Pardon. Du bass wierklech den Nosiichtegen, Deen, deen ëmmer verzeit, de Spender vu räichlecher Gnod. O Du verzeienden Här! Obwuel mir sënnegen, sinn eis Hoffnungen dach op Däi Verspriechen an Deng Zousécherung geriicht. Obwuel mir vun der Däischtert vum Iertum ageschloss sinn, hu mir dach zu allen Zäiten eist Gesiicht dem Muere vun Denger generéiser Gonscht zougewannt. Géi esou mat eis ëm, wéi et Denger Schwell entsprécht a schenk eis dat, wat Dengem Haff würdeg ass. Du bass den Ëmmerverzeienden, de Gnädegen, Deen, deen all Mangel iwwersäit.

#14218
- `Abdu'l-Bahá

 

Empfänglech Séile sichen

O mäi Gott, hëllef Du Dengem Dénger Däi Wuert ze erhéijen, alles ze verwerfen, wat ëmsoss a falsch ass, d’Wourecht ze verbreeden, d‘helleg Versen uechter d‘Welt bekanntzemaachen, d‘Herrlechkeet opzedecken an d’Moiesliicht an den Häerzer vun de Gerechten opgoen ze loossen. Du bass wierklech de Generéisen, Deen, dee verzeit.

#14219
- `Abdu'l-Bahá

 

O Gott, mäi Gott! Hëllef Dengen treien Dénger, Häerzer ze hunn, déi zaart a voller Léift sinn. Hëllef hinnen, d’Liicht vun der Féierung, dat vun der Himmlescher Versammlung ausstréimt, ënner all den Natioune vun der Äerd ze verbreeden. Du bass wierklech de Staarken, de Gewaltegen, de Mächtegen, Deen, deen alles ënnerwerft an ëmmer verzeit. Du bass wierklech de Generéisen, den Duussen, Deen, dee matfillt, de Mëtschgiewegsten.

#14220
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du onvergläichleche Gott! O Du Här vum Kinnekräich! Dës Séilen sinn Deng himmlesch Arméi. Ënnerstëtz Du si, a mat der Mass vun himmleschen Truppen, do si gewannen, esou datt jiddwereng vun hinne wéi e Regiment gëtt an déi Länner hei eruewert duerch d’Léift vu Gott an duerch d’Erliichtung vun deem wat Hien eis léiert.

O Gott! Sief Du Deen, deen hinne bäisteet an hëlleft. An der Wildnis, an de Bierger, am Dall an an de Bëscher, op de Steppen an um Mier sief Du hire Vertrauten, fir dass si duerch d’Muecht vum Kinnekräich an dem Otem vum Hellege Geescht hire Ruff erklénge loossen.

Du bass wierklech de Mächtegen, de Staarken an den Allmächtegen, an Du bass de Weisen, Deen, deen héiert an Deen, dee gesäit.

#14221
- `Abdu'l-Bahá

 

O mäi Gott! O mäi Gott! Du gesäis, wéi ech mech, kleng a schwaach, mat der gréisster Aufgab beschäftegen, entschloss Däi Wuert ënner de Massen ze erhiewen, an Deng Léieren ënner de Vëlker ze verbreeden. Wéi kann ech erfollegräich sinn, et sief dann, Du stees mir bäi mam Otem vum Hellege Geescht, Du hëllefs mir zum Triumph duerch d’Truppe vun Dengem herrleche Räich, an Du léiss Deng Bestätegungen op mech erofreenen, déi eleng eng Méck an en Adler verwandele kënnen, eng Drëps Waasser a Stréim a Mierer, an en Atom a Liichter a Sonnen? O mäin Här! Stéi mir bäi mat Denger triumphéierender Muecht, déi alles duerchdréngt, fir dass meng Zong Däi Luef an Deng Eegenschaften ënner all de Leit luewe wäert a meng Séil iwwerleeft mam Wäin vun Denger Léift an Dengem Wëssen.

Du bass den Allmächtegen an Du méchs, wat och ëmmer s Du wëlls.

#14222
- `Abdu'l-Bahá

 

O Gott, o Du, deen s Du Deng Herrlechkeet iwwer déi liichtend Wierklechkeete vun de Mënschen ausstraals, iwwer si den helle Glanz vum Wëssen an der Féierung ausschëtts, a si ënner allen erschafene Saache fir dës héchst Gnod auserwielt hues, a si all Saache begräifen dees, an hiert bannenzegst Wiese verstoen, an hir Geheimnisser erschléisse léiss, a si aus der Däischtert an d’Welt vum Sichtbare bréngs! «Wierklech, Hie weist Seng besonnesch Gnod, wiem och ëmmer Hie wëll.*»

O Här, hëllef Du deenen, déi Dech gär hunn, sech Kenntnisser, Wëssenschaften a Konscht unzeeëgnen an d’Geheimnisser ze entschleieren, déi an der bannenzegster Wierklechkeet vun allem Erschafenen opgehuewe sinn. Looss si déi verbuerge Wourechten erkennen, déi am Häerz vun allem, wat ass, geschriwwen a verankert sinn. Maach si zu Zeeche vun der Féierung fir all Liewewiesen, zu duerchdréngende Strale vum Geescht, déi hiert Liicht an dëst, «dat éischt Liewen**» ausgéissen. Maach dass si d’Mënschen zu Dir leeden, Hierten op Dengem Pad, Bueten, déi d’Mënschen opruffen, sech Dengem Kinnekräich zouzewenden.

Du bass wierklech de Gewaltegen, de Beschützer, de Staarken, de Verdeedeger, de Mächtegen, de Generéisten.

* Koran 3:74

Koran 56:62

#14223
- `Abdu'l-Bahá

 

Féierung

O mäin Här! O mäin Här! Dëst ass eng Luucht, ugefaangen duerch d’Feier vun Denger Léift, déi hellewech brennt mat der Flam, déi um Bam vun Dengem Erbaarmen ugefaange gouf. O mäin Här! Looss si duerch d‘Feier, dat am Sinaï vun Denger Offenbarung entfacht ass, nach méi staark, méi gliddeg a mat méi enger grousser Flam brennen! Du bass wierklech Deen, dee bestätegt, dee bäisteet, de Gewaltegen, de Generéisen, Deen, dee gär huet.

#14228
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du mäin éiweg Beléiften an ugebiete Frënd!

Wéi laang soll Deng Presenz mir enthale bleiwen an ech schwéier leiden, well ech wäit ewech si vun Dir? An de sécheren Hafe vun Dengem himmlesche Kinnekräich, féier mech, an op der Plaz vum Erschénge vun Dengem himmlesche Räich, werf de Bléck vun Denger Guttheet op mech.

O Du Allmächtegen Här! Ziel mech zu den Awunner vum Kinnekräich. Dës stierflech Welt ass mäi Wunnsëtz; gëff mir eng Wunneng an de Räicher vum Raumlosen. Zu dëser ierdescher Welt gehéieren ech; werf op mech de Glanz vun Dengem herrleche Liicht. An dëser Welt vum Stëbs wunnen ech; maach mech zu engem Awunner vun Dengem himmlesche Räich, sou datt ech mäi Liewen op Dengem Wee néierleeën an de Wonsch vu mengem Häerz erreeche kann, ech mäi Kapp mam Diadem vu gëttlecher Gonscht kréinen an den triumphale Kreesch

«O Herrlechkeet Gottes, den Herrlechsten!» ustëmme kann.

#14229
- `Abdu'l-Bahá

 

O Här, eise Gott!

Mir sinn hëlleflos; Du bass den Här vu Stäerkt a Muecht. Mir sinn erbäermlech; Du bass den Allmächtegen, den Allherrlechen. Mir sinn aarm; Du bass Deen, deem alles gehéiert, de Generéisten. Stéi eis gnädeg bäi an eiser Ënnerwerfung un Denger helleger Schwell, an hëllef eis duerch Deng stäerkend Gnod, Dech op de Plaze vum Sonnenopgang vun Dengem Luef ze veréieren. Befäeg eis, Däin hellegen Doft ënner Denge Kreaturen ze verbreeden a stäerk eis Lennen, fir Dir ënner Dengen Dénger ze déngen, esou dass mir all d’Natiounen zu Dengem gréissten Numm féieren an all Vëlker un d’Ufere vum herrlechen Ozean vun Denger Eenheet leede kënnen.

O Här! Erléis eis vun de Bindunge vun der Welt an hire Vëlker, vun den Iwwerschreidungen aus der Vergaangenheet a vum Leed, dat nach kënnt, esou dass mir eis erhiewe kënnen, fir Däi Wuert mat gréisster Freed a stralend ze verherrlechen an Däi Luef Dag an Nuecht ze feieren, esou dass mir jidder Mënsch op de Wee vun der Féierung ruffen a si zu Gerechtegkeet opfuerderen, an dass mir d’Verse vun Denger Eenheet iwwerall an Denger Schëpfung sange kënnen. Du hues d’Muecht, ze maachen, wat Dir gefält. Du bass a Wierklechkeet den Allmächtegen, de Stäerksten.

#14230
- `Abdu'l-Bahá

 

Fongen

All d’Frënn vu Gott ... sollte spenden, sou vill se kënnen, wéi bescheiden och ëmmer hire Bäitrag ass. Gott belaascht keng Séil iwwer hir Capacitéit. Spende musse vun iwwerall a vun all Gleewegem kommen. O Frënn vu Gott! Sidd dees gewëss, dass fir dës Spenden är Landwirtschaft, är Industrie an ären Handel mat vilfältegem Wuesstem a räiche Geschenker geseent ginn. Deen, deen eng gutt Dot vollbréngt, wäert zéngfache Loun kréien. Ouni Zweiwel wäert de liewege Gott déi, déi hiert Verméigen op Sengem Pad hierginn, räich bestätegen.

O Gott, mäi Gott! Erliicht d’Stier vun deenen, déi Dech wierklech gär hunn, a stéi hinne bäi mat der Arméi vun den Engelen, déi sécher zum Triumph féieren. Setz hir Schrëtt sécher op Dengem riichte Pad, an aus Denger uréiweger Generositéit, maach hinnen d’Diere vun Dengem Seegen op; well op Dengem Pad, ginn si ewech, wat s Du hinne ginn hues, andeems si de Glawe schützen, hiert Vertrauen an Däi Gedenke setzen, hir Häerzer aus Léift zu Dir hierginn, an a Veréierung vun Denger Schéinheet, an op der Sich no Dengem Gefalen, net zeréckhalen, wat si besëtzen.

O mäin Här! Bestëmm hinnen e räichen Undeel an eng sécher Belounung, déi hinnen zoukënnt.

Wierklech, Du bass Deen, deen erhält an hëlleft, de Generéisen, de Mëtschgiewegen, Deen, deen ëmmer schenkt.

#14231
- `Abdu'l-Bahá

 

Geeschteg Qualitéiten

Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei all der transzendenter Éier vun Dengem Numm, déi, déi s Du gär hues, an d’Kleed vun der Gerechtegkeet ze kleeden, an hir Wiese mat der Luucht vum Vertrauen ze erliichten. Du bass Deen, deen d’Muecht huet, ze maache wéi Hie wëllt, an deen a Sengem Grëff d’Geschécker vun alle Saachen hält, sichtbar an onsichtbar.

#14232
- Bahá'u'lláh

 

Vun de séiss-doftege Stréimunge vun Denger Éiwegkeet gëff mer ze drénken, o mäi Gott, a vun de Friichte vum Bam vun Dengem Wiesen erlab mer ze schmaachen, o meng Hoffnung! Vun de kristallene Quelle vun Denger Léift looss mech vëlleg drénken, o meng Herrlechkeet, an am Schied vun Denger onvergänglecher Vorseeung looss mech wunnen, o meng Luucht! An de Wisen no bei Dir, an Denger Präsenz, looss mech dorëmmer goen, o Du, deen ech gär hunn, a setz mech zur rietser Hand vum Troun vun Dengem Erbaarmen, o mäi Verlaangeren! Vun der dofteger Lëftche vun Denger Freed looss en Hauch iwwer mech zéien, o mäin Zil, a looss mech eran an d’Héichte vum Paradis vun Denger Wierklechkeet, o mäin Ugebieten! De Melodië vun der Dauf vun Denger Eenheet looss mech nolauschteren, o Du Stralenden, an duerch de Geescht vun Denger Kraaft a Muecht belief mech, o Du, dee mech versuergt! Am Geescht vun Denger Léift looss mech standhaft bleiwen, o meng Hëllef, an um Wee fir Dir ze gefalen, stäerk meng Schrëtt, o mäi Schëpfer! Am Gaart vun Denger Onstierflechkeet, virun Dir, looss mech fir ëmmer bleiwen, o Du, deen s Du baarmhäerzeg zu mir bass, an um Sëtz vun Denger Herrlechkeet, looss mech néier, o Du, deen s Du mäi Meeschter bass! An den Himmel vun Denger Léift a Guttheet erhief mech, o Du, deen s Du mech beliefs, an zum Himmel vun Denger Féierung leed mech, o Du, deen s Du mech unzitts! Virun den Offenbarunge vun Dengem onsichtbare Geescht fuerder mech op präsent ze sinn, o Du mäin Ursprong a mäin héchste Wonsch, an zur Essenz vum Doft vun Denger Schéinheet, déi s Du manifestéiere wäerts, maach, dass ech zeréckkommen, o Du, deen s Du mäi Gott bass!

Du hues d’Muecht ze maachen, wat Dir gefält. Du bass wierklech de Souveräänsten, den Allherrlechen, den Allerhéchsten.

#14233
- Bahá'u'lláh

 

Schaf a mir e rengt Häerz, o mäi Gott, a gëff mir op en Neits e rouegt Gewëssen, o meng Hoffnung! Bestäteg Du mech an Denger Saach duerch de Geescht vun der Muecht, o meng grouss Léift, a looss mech Däi Wee kucken duerch d’Liicht vun Denger Herrlechkeet, o Du d’Zil vu mengem Verlaangeren! Erhief mech mat der Kraaft vun Denger transzendenter Muecht an den Himmel vun Denger Hellegkeet, o Quell vu menger Existenz, an erfree mech duerch den duusse Wand vun Denger Éiwegkeet, o Du, deen s Du mäi Gott bass! Looss Deng éiweg Melodië Rou iwwer mech stréimen, o mäi Begleeder, a looss de Räichtum vun Dengem uréiwegen Ubléck mech fräimaache vun allem ausser Dir, o mäi Meeschter, looss d’Noriichte vun der Offenbarung vun Dengem onvergängleche Wiese mir Freed bréngen, o Du, den Offensichtlechste vun all deenen déi offensichtlech sinn, an de Verbuergenste vun all deenen déi verbuerge sinn!

#14234
- Bahá'u'lláh

 

O mäin Här! Looss Deng Schéinheet meng Narung ginn, Deng Präsenz mäi Gedrénks, Däi Gefale meng Hoffnung, Däi Luef meng Aktioun, d’Gedenken un Dech mäi Begleeder, d’Muecht vun Denger Herrschaft mäi Bäistand, Deng Wunneng mäin Doheem, a mäi Wunnsëtz en Uert, deen s Du gehellegt hues vun de Grenzen, déi deenen operluecht goufen, déi wéi duerch e Schleier vun Dir getrennt sinn.

Du bass, wierklech, den Allmächtegen, den Allherrlechen, de Gewaltegsten.

#14235
- Bahá'u'lláh

 

Verherrlecht sief Däin Numm, o mäi Gott, duerch deen d’Beem am Gaart vun Denger Offenbarung mat Gréngs agekleet goufen, a si d’Friichte vun der Hellegkeet ausgedroen hunn an dëser Fréijoerszäit, wou sech de séisse Geschmaach vun Denger Gefällegkeet an Dengem Seegen iwwer alles leet an et ervirbréngen deet, wat am Kinnekräich vun Dengem onwidderrufflechen Uerder an am Himmel vun Dengem onverännerleche Plang fir si virausbestëmmt gouf. Ech bieden Dech bei eben dësem Numm, looss net zou, dass ech wäit ewech si vum Haff vun Denger Hellegkeet, oder ausgespaart vum héijen Hellegtum vun Denger Eenheet an Denger Eenzegkeet.

Fänk dofir d’Feier vun Denger Léift a menger Broscht un, o mäi Gott, fir dass seng Flam alles verbrennt bis op meng Erënnerung un Dech, dass all Spuer vu verduerwener Begier a mir ganz ausgeläscht gëtt, an dass näischt iwweregbleift ausser der Verherrlechung vun Dengem transzendenten an allherrleche Wiesen. Dëst ass mäin héchst Bestriewen, mäi brennende Wonsch, o Du, deen iwwer alles herrscht an an deem Senger Hand d’Kinnekräich vun der ganzer Schëpfung läit. Jo wierklech, Du méchs, wat Dir gefält. Et gëtt kee Gott niewent Dir, dem Allmächtegen, dem Allherrlechen, Deem, deen ëmmer nees verzeit.

#14236
- Bahá'u'lláh

 

O Här!

Wat fir e Stroum vu Mëtschgiewegkeet hues Du gewäert a wat fir eng Flut vu räichlecher Gnod hues Du bewëllegt! Du hues all d’Häerzer wéi zu engem eenzegen Häerz matenee verschmëlze gelooss an all d’Séilen zu enger eenzeger Séil matenee verbonnen. Du hues beweegungslose Kierper Liewen a Gefill ginn an doudege Leiwer d’Bewosstsi vum Geescht geschenkt. Duerch déi liichtend Strale vun der Sonn vum Allbaarmhäerzegen hues Du dës Stëbsatomer mat siichtbarer Existenz bekleet an duerch d’Welle vum Mier vun der Eenheet hues Du dës winzeg Drëpse befäegt, héichzeschloen an ze dauschen.

O Du Allmächtegen, deens Du engem Stréihallem d’Muecht vun engem Bierg gëss an e Stëbskärche befäegs, d’Herrlechkeet vun der stralender Sonn erëmzespigelen! Schenk eis Deng zäertlech Gnod a Gonscht, fir dass mir eis erhiewen, fir Denger Saach ze déngen an eis net virun de Vëlker vun der Äerd schumme mussen.

#14237
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass Gott.

O Du gudden Här, dee mir gär hunn!

Dës Frënn sinn euphoresch mam Wäin vum Bond a si Wanderer an der Wildnis vun Denger Léift. Hir Häerzer sinn opgeziert vun de Flame vun der Trennung vun Dir a si verlaangeren äifreg no der Offenbarung vun Denger Pracht. Aus Dengem verbuergene Kinnekräich, dem Räich vum Onsiichtbaren, offenbar hinnen déi stralend Herrlechkeet vun Denger Gnod a looss de Glanz vun Denger Guttheet op si schéngen. Schéck hinnen zu all Moment en neie Seegen an erweis hinnen e weidere Gefalen.

O gëttlech Vorseeung! Mir si schwaach an Du bass de Stäerksten. Mir si wéi butzeg Seejomessen an Du bass de Kinnek vum Räich vun der Herrlechkeet. Gewär eis Deng Gnod a schenk eis Deng Guttheet, esou dass mir eng Flam ufänken an hire Glanz verbreeden, dass mir Stäerkt weisen an en Déngscht leeschte kënnen.

Gëff, dass mir dëser donkeler Äerd Erliichtung an dëser vergänglecher Welt aus Stëbs Geeschtegkeet bréngen. Looss eis net - och nëmmen ee Moment - raschten oder eis mat vergängleche Saache vun dësem Liewe besuddelen. Befäeg eis, e Banquet vun der Féierung virzebereeden, mat eisem Liewensblutt d’Verse vun der Léift néierzeschreiwen, Angscht a Gefor hanner eis ze loossen, esou ze gi wéi Beem, déi Friichten droen a mënschlech Vollkommenheeten an dëser vergänglecher Welt zum Virschäi kommen ze loossen. Du bass wierklech den Allbaarmhäerzegen, de Matleedvollsten, den Ëmmerverzeienden, den Nosiichtegen.

#14238
- `Abdu'l-Bahá

 

Glawen

O Här! Erméiglech alle Vëlker vun der Äerd an d’Paradis vun Dengem Glawen eranzekommen, sou dass keen erschafent Wiesen ausserhalb de Limitte vun Dengem Gefale bleiwe wäert.

Säit éiwegen Zäite bass Du mächteg ze maachen, wat Dir gefält an transzendent iwwer wat och ëmmer s Du wënschs.

#14239
- The Báb

 

Heelung a Stäerkt

Däin Numm ass meng Heelung, o mäi Gott, an Denger ze gedenken ass meng Medezin. No bei Dir ze sinn ass meng Hoffnung, an d’Léift fir Dech ass mäi Begleeder. Deng Baarmhäerzegkeet ass meng Heelung a meng Hëllef a béide Welten, an dëser, an an där, déi kënnt. Du bass wierklech de Mëtschgiewegsten, den Allwëssenden, den Onendlechweisen.

#14240
- Bahá'u'lláh

 

LAANGT HEELUNGSGEBIET

Hien ass Deen, deen heelt, dee sech selwer duergeet, deen hëlleft, deen alles verzeit, den Allbaarmhäerzegen.

Ech ruffen no Dir, o Héchsten, o Treien, o Herrlechen! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Herrscher, o Erhiewenden, o Riichter! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Onvergläichlechen, o Éiwegen, o Eenzegen! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Meeschtgelueften, o Hellegen, o Du, deen hëlleft! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Allwëssenden, o Allweisen, o Gréissten! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Gnädegen, o Majestéiteschen, o Veruerdner! Du, deen duergeet, Du den Heelenden, Du de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Beléiften, o Geschätzten, o Bezaubernden! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Mächtegsten, o Erhalenden, o Staarken! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Herrscher, o Du, deen duerch sech selwer ass, o Allwëssenden! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Geescht, o Liicht, o Offenbaarsten! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, dee vu jiddwerengem besicht gëtt, o Du, jiddwerengem bekannt, o Du, jiddwerengem verbuergen! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Verbuergenen, o Triumphéierenden, o Schenkenden! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Allmächtegen, o Bäistand, o Du, dee verbiergt! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Gestalter, o Erfëllenden, o Entwuerzelnden! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Erhiewenden, o Versammeler, o Du, deen erhéicht! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, deen alles vollkomme mécht, o Onbeschränkten, o Generéisen! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Mëtschgiewegen, o Diskreeten, o Schëpfer! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Ganznobelen, o Wonnerschéinsten, o Du, dee gär gëtt! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Gerechten, o Gnädegen, o Generéisen! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Onwidderstéilechen, o Onvergänglechen, o Allwëssenden! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Herrlechen, o Uréiwegen, o Grousshäerzegen! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Onerreechbaren, o Här vun der Freed, o Erwënschten! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, léif mat allen, o Du baarmhäerzeg mat allen, o Du, deen s Du et am beschte mat eis mengs! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du Ënnerdaach fir jiddwereen, o Schutz fir all, o Alleserhaler! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, deen allen hëlleft, o Du vun allen Ugebieten, o Beliewenden! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Offenbarer, o Zerstéierer, o Gnädegsten! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du meng Séil, o Du, deen ech gär hunn, o Du mäi Glawen! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, deen den Duuscht läscht, o transzendenten Här, o Wäertvollsten! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Onvergiesslechsten, o nobelsten Numm, o allereelste Wee! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Meeschtgelueften, o Hellegsten, o Gehellegten! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Lassléisenden, o Beroder, o Retter! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Frënd, o Dokter, o Bezaubernden! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Herrlechkeet, o Schéinheet, o Generéisen! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, Vertrautesten, o Du, deem Seng Léift am gréissten ass, o Här vum Mueresliicht! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, deen entflaamt, deen erliicht, dee Freed bréngt! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Här vun der Generositéit, o Matleedvollsten, o Baarmhäerzegsten! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Bestännegen, o Liewensspender, o Ursprong vun aller Existenz! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, deen all Saachen duerchdréngt, o Gott, deen alles gesäit, o Här vun der Ried! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, offenbar an awer verbuergen, o Du, onsichtbar an awer bekannt, o Betruechter, vun alle gesicht! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

Ech ruffen no Dir, o Du, deen déi, déi gär hunn, dout mécht, o Gott vun der Gnod fir déi Béis! Du, deen duergeet, Du, deen heelt, Du, de Bestännegen, o Du Bestännegen!

O Genügenden, ech ruffen no Dir, o Genügenden!

O Heeler, ech ruffen no Dir, o Heeler!

Onvergänglechen, ech ruffen no Dir, o Onvergänglechen!

O Du, den Éiwegbestännegen, o Du Bestännegen!

Helleg bass Du, o mäi Gott! Ech bieden Dech bei Denger Generositéit, déi d’Paarte vun Denger Guttheet a Gnod wäit opmécht, an den Tempel vun Denger Hellegkeet um Troun vun der Éiwegkeet erriicht; bei Dengem Erbaarmen, duerch dat s Du all erschafe Saachen un d’Tafel vun Denger Generositéit a gudden Doten aluets, a bei Denger Gnod, duerch déi s Du Äntwert gëss, an Dir selwer mat Dengem Wuert “Jo!” fir all déi, am Himmel an op der Äerd, zur Stonn, wou Deng Souveränitéit an Deng Gréisst sech offenbaren, am Mueren, wou d’Muecht vun Denger Herrschaft sichtbar gëtt. An nees bieden ech Dech, bei dësen allerschéinsten Nimm, bei dësen eedelsten an héchsten Eegenschaften, a bei Dengem héchste Gedenken, a bei Denger renger a puerer Schéinheet, a bei Dengem verbuergene Liicht am verbuergensten Zelt, a bei Dengem Numm, agewéckelt am Kleed vum Leed all Mueren an Owend, beschütz deen, deen dës geseent Tablett dréit a liest, deen drop stéisst, an deen, dee ronderëm d’Haus geet, wou se ass. Heel Du dann, duerch dës Tablett jiddwer Kranken, déi, deenen et net gutt geet an déi, déi aarm sinn, vun all Qual a Verzweiwlung, vun all Leed a Misär. Leet Du duerch dës Tablett wien och ëmmer wëllt, op d’Pied vun Denger Féierung an op d’Weeër vun Denger gnädeger Verzeiung ze kommen.

Du bass wierklech de Mächtegen, Deen, dee jiddwerengem duergeet, den Heelenden, de Beschützer, Deen, dee gëtt, de Matleedvollen, de Ganzgeneréisen, den Allbaarmhäerzegen.

#14241
- Bahá'u'lláh

 

Wien de séissen Doft vu Gott verbreet, soll all Mueren dëst Gebiet soen:

O Gott mäi Gott! Du gesäis dëse Schwaache fir himmlesch Stäerkt bieden,

dësen Aarmen no Denge gëttleche Schätz, dësen Duuschteregen nom Sprangbuer vum éiwege Liewen, dëse Kranken no der Heelung verlaangeren, déi s Du him versprach hues, duerch Deng onendlech Gnod, déi s Du fir Deng auserwielt Dénger bestëmmt hues, an Dengem Kinnekräich do uewen.

O Här! Ech hu keen, dee mir hëlleft ausser Dir, keen Ënnerdaach ausser Dir, keen dee mech ënnerstëtzt ausser Dir. Stéi mir bäi mat Dengen Engelen, fir Däin hellegen Doft ze verbreeden an Deng Léieren iwwerall bei de Beschte vun Dengem Vollek bekannt ze maachen.

O mäin Här! Maach, dass ech vun allem ausser Dir lassgeléist sinn, dass ech mech um Som vun Denger Guttheet unhalen, dass ech mech voll a ganz Dengem Glawen higinn, fest a staark an Denger Léift bleiwen an dat befollegen, wat s Du an Dengem Buch virgeschriwwen hues.

Du bass wierklech de Staarken, de Gewaltegen, den Allmächtegen.

#14242
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass Gott.

O Gott, mäi Gott! Ech hunn Dir mäi Gesiicht zougedréit a bieden Dech den Ozean vun Denger Heelung auszegéissen. Hëllef mir gnädeg, o Här Dengem Vollek ze déngen an Deng Dénger ze heelen. Wann s Du mir hëllefs, gëtt d‘Heelmëttel, dat ech ubidden, zu enger heelender Medezin fir all Krankheet, enger Schlupp vu liewensspendendem Waasser fir all brennenden Duuscht an e berouegende Balsam fir all verlaangerend Häerz. Wann s Du mir net hëllefs, wäert et näischt anescht gi wéi Leed an ech wäert kaum enger Séil Heelung bréngen.

O Gott, mäi Gott! Stéi mir bäi an hëllef mir duerch Deng Muecht, déi Krank ze heelen. Du bass wierklech, den Heeler, Deen, dee sech selwer duergeet, Deen, deen all Péng a Krankheet ewechhëlt, Deen, deen iwwer alles herrscht.

#14243
- `Abdu'l-Bahá

 

Hëllef a Bäistand

O Gott, Däin Ubléck ass d‘Zil vu menger Ubiedung! Deng Schéinheet ass helleg fir mech, Deng Wunneng; wat ech sichen, Däi Luef meng Hoffnung, Däi Plang meng Begleedung, Deng Léift de Grond firwat ech do sinn, Däin Numm ze nenne mäi Gléck, no bei Dir ze sinn wourop ech waarden, Deng Präsenz mäi stäerkste Wonsch a mäin héchst Verlaangen. Ech bieden Dech vu ganzem Häerz, verwier mir net, wat s Du den Auserwielte vun Dengen Dénger verschriwwen hues, a versuerg mech mat de Saachen, déi an dëser an an der nächster Welt gutt fir mech sinn.

Du bass wierklech alle Mënschen hire Kinnek. Et gëtt kee Gott ausser Dir, Deen, deen ëmmer nees verzeit, dee Generéisten.

#14244
- Bahá'u'lláh

 

O mäi Gott! Ech froen dech, bei Dengem herrlechsten Numm, mir an deem ze hëllefen, wat d’Ugeleeënheete vun Dengen Dénger zum Erfolleg féiert, an Deng Stied erbléien deet. Du hues wierklech Muecht iwwer alles.

#14245
- Bahá'u'lláh

 

O Du Allmächtegen! Gëff Denge Schwaachen Deng Stäerkt, a belief déi, déi wéi dout sinn, fir dass si Dech fannen, zum Weltmier vun Denger Féierung geleet ginn a standhaft an Denger Saach bleiwen. Wann sech den Doft vun Dengem Luef an enge vun de verschiddene Sprooche vun der Welt, aus dem Osten oder Westen, verbreet, da gëtt dës Sprooch wierklech héich geschat a veréiert. Sollten esou Sproochen dësen Doft awer net hunn, da wäre si sécher net derwäert ernimmt ze ginn, sief et a Wierder oder och nëmmen a Gedanken.

O Vorseeung, mir bieden Dech, weis alle Mënschen Däi Wee a féier si. Du bass wierklech, den Allmächtegen, de Stäerksten, den Allwëssenden, Deen, deen alles gesäit.

#14246
- Bahá'u'lláh

 

O Här, raum net de festlechen Dësch of, deen an Dengem Numm gedeckt ass, an erstéck net déi brennend Flam, déi Däi Feier, wat net ze läschen ass, ugestach huet. Hal net de Stroum vun Dengem beliewende Waasser zeréck, dat mat der Melodie vun Denger Herrlechkeet an Dengem Gedenke plätschert, an enthal net Dengen Dénger de Geroch vun Denge séissen Aromaen, déi den Doft vun Denger Léift ausootmen.

Här! Verwandel déi bedréckend Suerge vun Dengen hellegen Dénger a Rou, hir Plo an Trouscht, hir Erniddregung an Herrlechkeet, hiert Leed a gléckséileg Freed, o Du, deen s Du d’ganz Mënschheet an der Gitt häls.

Du bass a Wierklechkeet deen Een, den Eenzegen, de Mächtegen, den Allwëssenden, den Onendlechweisen.

#14247
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass de Baarmhäerzegen, de Ganzgeneréisen! O Gott, mäi Gott!

Du gesäis mech, Du kenns mech; Du bass mäin Hafen a mäin Ënnerdaach. Ech hu kee gesicht a wäert kee sichen ausser Dir. Kee Pad hunn ech betratt a kee wäert ech betrieden ausser de Pad vun Denger Léift. An der däischterer Nuecht vun der Verzweiwlung dréit sech mäi Bléck voll Erwaardung a voll Hoffnung dem Muere vun Denger Gonscht, déi ouni Grenzen ass, zou, a moies, wann et hell gëtt, gëtt meng mackeg Séil erfrëscht a gestäerkt am Gedenken un Deng Schéinheet a Vollkommenheet. Wiem d’Gnod vun Dengem Erbaarmen hëlleft, dee gëtt, a wär en och nëmmen eng Drëps, zu engem onendleche Mier, an de klengsten Atom wäert, ënnerstëtzt duerch d’Ausgéisse vun Denger Léift a Guttheet, wéi e stralende Stär liichten.

O Du Geescht vun der Rengheet, Du, deen eis generéis mat allem versuergt, stell Däi begeeschterten an entflaamten Dénger ënner Däi Schutz. Hëllef him an dëser Welt, standhaft a bestänneg an Denger Léift ze bleiwen, an erlab dësem Vugel, deem seng Flilleke gebrach sinn, Schutz an en Ënnerdaach, an Dengem hellegen Nascht um himmlesche Bam, ze fannen.

#14248
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du onsiichtbare Frënd!

O Verlaange vun allem an dëser Welt an der Welt, déi kënnt! O Du Baarmhäerzegen, dee mir gär hunn! Dës hëlleflos Séile si vun Denger Léift gefaangen an dës Schwaach sichen Ënnerdaach un Denger Schwell. All Nuecht keimen a jéimere si, well si wäit ewech si vun Dir an all Muere bekloen se sech a kräische wéinst den Ugrëff vun de Béiswëllegen. Si ginn zu all Moment mat neie Quale gepéngegt, a gi bei all Otemzuch duerch d’Tyrannei vu sämtlechen iwwelen Ënnerdrécker schwéier gepréift. Sief gelueft, datt si trotzdeem wéi en Tempel aus Feier brennen an herrlech blénke wéi d’Sonn an de Mound. Si sti stolz, wéi erhuewe Banneren an der Saach vu Gott, a stierme wéi daper Reider an d’Arena. Si hu geblitt wéi séiss Bléien a si voller Freed wéi déi laachend Rous. Duerfir, o Du, deen eis versuergt a gär huet, stéi dësen hellege Séile gnädeg bäi duerch Deng himmlesch Gnod, vun Dengem Räich gewäert an erlab, datt dës helleg Wiesen d’Zeeche vum Allerhéchsten offenbare kënnen. Du bass de Generéisten, de Matleedvollen, de Gnädegsten, de Baarmhäerzegen.

#14249
- `Abdu'l-Bahá

 

O baarmhäerzege Gott!

O Du, den Allmächtegen! Ech sinn nëmmen e schwaachen Dénger, daierlech an hëlleflos, awer ech gouf am Schutz vun Denger Gnod a Gonscht groussgezunn, un der Broscht vun Denger Baarmhäerzegkeet geniert, an am Schouss vun Denger Léift a Guttheet opgezillt. O Här! Esou aarm a bedierfteg ech och sinn, kënnt dach jidder Bedierftegen zu Wuelstand duerch Deng Mëtschgiewegkeet, wärend all déi Räich ouni Deng Gonscht, wierklech aarm a verlooss sinn.

O gëttlech Vorseeung! Schenk mir d’Kraaft dës schwéier Laascht ze droen a befäeg mech dëst héchst Geschenk ze behidden, well d’Gewalt vun de Prüfungen esou staark ass an de Stuerm vun de Schwieregkeeten esou wéi deet, dass all Bierg zu Stëbs zerfält, an déi héchst Spëtz sech zu näischt opléist. Du weess ganz genau, dass ech a mengem Häerz näischt aneres siche wéi Däi Gedenken, an a menger Séil näischt aneres begiere wéi Deng Léift. Erhief mech, fir deenen, déi Dech gären hunn, ze déngen, a looss mech fir ëmmer, Dir ënnerworf, un Denger Schwell wunnen. Du bass Deen, dee gären huet. Du bass den Här, dee räichhalteg beschenkt.

#14250
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du Allmächtegen Här!

Mir sinn all am mächtege Grëff vun Denger Muecht gehalen. Du bass eisen Ënnerstëtzer an Deen, deen eis hëlleft. Gewär eis Däin zaart Erbaarmen, schenk eis Deng Generositéit, maach d’Paarte vun Denger Gnod op a werf de Bléck vun Denger Gonscht op eis. Looss eng beliewend Lëftchen iwwer eis blosen an erfrësch Du eis Häerzer, déi verlaangeren. Erliicht eis Aen a maach d’Hellegtum vun eisen Häerzer zum Näid vun all bléiendem Gaart. Erfree jiddwer Séil a begléck all Geescht. Offenbar Deng uréiweg Stäerkt a maach Deng grouss Muecht siichtbar. Maach, dass d’Vigel vun de mënschleche Séilen zu neien Héichten eropschwiewen a looss Deng Vertrauter an dëser niddreger Welt d’Geheimnisser vun Dengem Räich ergrënnen. Stäerk eis Schrëtt a schenk eis standhaft Häerzer. Mir sënnegen, an Du bass den Ëmmerverzeienden. Mir sinn Deng Dénger an Du bass den Herrscher, den Här. Mir si Wanderer ouni Heem an Du bass eisen Hafen an eisen Ënnerdaach. Duerch Deng Gnod, hëllef a stéi eis zur Säit, Däi séissen Doft ze verbreeden an Däi Wuert ze verherrlechen. Erhéich de Stand vun deenen, déi alles ewechgeholl kruten a schenk deenen ouni Mëttel Däin onerschëpfleche Schaz.

Vermaach de Schwaachen Deng Stäerkt a bewëlleg de Gebriechlechen Deng himmlesch Kraaft. Du bass Deen, dee versuergt, Du bass de Gnädegen, Du bass den Här, deen iwwer alles herrscht.

#14251
- `Abdu'l-Bahá

 

Herausforderungen an Tester

Gëtt et een, dee Schwieregkeeten ewechhëlt ausser Gott? So: Gelueft sief Gott! Hien ass Gott! Si sinn all Seng Dénger, an all hale sech u Säi Gebot.

#14224
- The Báb

 

So: Gott geet allem duer, an iwwer alles ewech, an näischt an den Himmelen an op der Äerd, kann duergoen ausser Gott. A Wierklechkeet ass Hie selwer Deen, dee weess, deen ënnerstëtzt, den Allmächtegen.

#14225
- The Báb

 

O gëttlech Vorseeung!

Komplizéiert Schwieregkeete sinn opkomm a gewalteg Hindernisser opgedaucht. O Här! Huel dës Schwieregkeeten ewech a lee eis d’Beweiser vun Denger Muecht a Kraaft vir. Erliichter dës haart Ëmstänn a maach eise Wee fräi op dësem beschwéierleche Pad. O gëttlech Vorseeung! Dës Hindernisser ginn net no an eis Méi an Nout si mat onendlech vill Misär verbonnen. Keen hëlleft ausser Dir, a kee leescht Bäistand ausser Dir. Mir setzen all eis Hoffnung op Dech a leeën all eis Ugeleeënheeten an Deng Hänn. Du leets eis an hëls all Schwieregkeet ewech an Du bass de Weisen, Deen, dee gesäit an héiert.

#14226
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du onvergläichleche Gott!

Mir sinn Deng damiddeg Dénger an Du bass den Allmächtegen. Mir sënnegen an Du bass den Ëmmerverzeienden. Mir si gefaangen, aarm a bescheiden an Du bass eisen Ënnerdaach an eis Hëllef. Mir si wéi butzeg Seejomessen an Du bass den Här vun der Majestéit um Troun am héchsten Himmel. Beschütz eis, als en Zeeche vun Denger Gnod, an enthal eis Deng Virsuerg an Hëllef net vir.

O Här! Deng Prüfunge si wierklech haart an Deng Tester kënne Fundamenter aus Stol an de Koup geheien. Erhal a stäerk eis, ermonter an erfree eis Häerzer. Hëllef eis gnädeg, wéi den ‘ABDU’L-BAHÁ , Denger helleger Schwell ze déngen.

#14227
- `Abdu'l-Bahá

 

Hochzäit

D’Bahá’í Bestietnes ass Vereenegung an häerzlech Léift tëschent de Partner. Si mussen awer ganz gutt Uecht ginn a sech mam Charakter vun hirem Partner vertraut maachen. Dës éiweg Verbindung sollt duerch en zolitte Bond geséchert ginn, mat der Absicht, Harmonie, Verbonnenheet an Eenheet ze fërderen an éiwegt Liewen ze kréien.

‘ABDU’L-BAHÁ

D’Hochzäitsverspriechen, de Vers, deen am Kitáb-i-Aqdas (dem Hellegste Buch) festgeluecht ass, an deen eenzel vun der Braut an dem Bräitchemann an der Präsenz vun op mannst zwee Zeien, déi de geeschtege Rot akzeptéiert, ze soen ass, ass deen hei: «Mir wëllen eis all, wierklech, un de Wëlle Gottes halen».

Hien ass Deen, dee schenkt, de Generéisen! Gelueft sief Gott, den Uréiwegen, den Ëmmerbestoenden, den Onverännerlechen, den Éiwegen! Hien, deen duerch säin eegent Wiese bezeit, dass Hie wierklech deen Een ass, deen Eenzegen, den Onofhängegen, den Héchsten. Mir bezeien, dass et a Wierklechkeet kee Gott gëtt ausser Him, mir erkenne Seng Eenheet un a bekenne Seng Eenzegkeet. Schonn éiweg wunnt Hien an onzougänglechen Héichten, op de Spëtzte vu Senger Majestéit, gehellegt iwwerem Ernimme vun allem ausser Him selwer, fräi vun all Beschreiwung ausser Senger.

A wéi Hie wollt de Mënsche Gnod a gutt Doten erweisen, an d’Welt an d’Rei setzen, huet Hie Reegelen offenbaart a Gesetzer geschaf; ënner anerem huet Hien d’Gesetz vum Bestietnes agefouert, huet et zu enger Buerg vu Wuel a Séilegkeet gemaach an huet eis et virgeschriwwen an deem, wat a Sengem Hellegste Buch aus dem Himmel vun der Hellegkeet erofgeschéckt gouf. Hie sot, grouss ass Seng Herrlechkeet: «Bestuet iech, o Mënschen, fir dass vun iech deen ervirgeet, dee Menger ënner Mengen Dénger gedenkt; dëst ass eent vu Menge Geboter fir iech; haalt iech dorun, well et ass fir äert Bescht.»

#14252
- Bahá'u'lláh

 

Jugendlech

O Här! Looss dëse jonke Mënsch stralen, an erweis dësem aarme Wiesen Deng Guttheet. Schenk him Wëssen, maach hie mueres fréi nach méi staark a behitt hien ënnerem Daach vun Dengem Schutz, fir dass hie fräi gëtt vun Iertum, sech fir den Déngscht un Denger Saach hiergëtt, déi Verierte leet, déi Onglécklech féiert, déi Gefaange befreit an déi Liichtsënneg erwächt, fir dass si all mat Dengem Gedenken an Dengem Luef geseent ginn. Du bass de Mächtegen an de Staarken.

#14253
- `Abdu'l-Bahá

 

Kanner

Gelueft bass Du, o Här mäi Gott!

Erméiglech, duerch Deng Gnod, dass dëst Kand un der Broscht vun Dengem zaarten Erbaarmen an Denger léiwer Virsuerg drénkt a mat der Fruucht vun Dengen himmlesche Beem ernäert gëtt. Looss net zou, dass et vun iergendengem anere versuergt gëtt, ausser vun Dir, well s Du et selwer duerch d’Kraaft vun Dengem erhuewene Wëllen an Denger Muecht erschaf an an d’Liewe geruff hues. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir, dem Allmächtegen, dem Allwëssenden.

Gelueft bass Du, o Du, deen ech iwwer alles gär hunn! Looss iwwer dëst Kand de séissen Doft vun Denger himmlescher Guttheet an de Parfum vun Denger helleger Gonscht blosen. Looss et da Schutz sichen am Schiet vun Dengem héchsten Numm, o Du, deen s Du d’Räich vun den Nimm an Eegenschaften am Grëff häls. Du hues wierklech d’Muecht ze maachen, wat s Du wëlls, an Du bass tatsächlech de Mächtegen, den Héchsten, den Ëmmerverzeienden, de Gnädegen, de Generéisen, de Baarmhäerzegen.

#14254
- Bahá'u'lláh

 

Verherrlecht bass Du, o Här mäi Gott! Ech soen Dir Merci, dass Du mech an Dengen Deeg an d’Liewe geruff hues, a mech mat Denger Léift an Dengem Wëssen erfëllt hues. Bei Dengem Numm, deen déi wäertvoll Pärele vun Denger Wäisheet an Denge Wierder aus de Schätz vun den Häerzer vun Dengen Dénger, déi Dir no sinn, ervirbréngt, an duerch deen d’Sonn vun Dengem Numm, de Matleedvollen, hire Glanz op all am Himmel an op der Äerd verbreet, bieden ech Dech: Versuerg mech duerch Deng Gnod a Guttheet mat Denge wonnerbaren, verbuergene Geschenker.

Dat hei sinn déi éischt Deeg vu mengem Liewen, o mäi Gott, déi s Du mat Dengen Deeg verbonnen hues. Well s Du mir sou eng grouss Éier erwisen hues, verweiger mir net, wat s Du Dengen Auserwielte bestëmmt hues.

Ech sinn nëmmen e butzeg klenge Somkär, o mäi Gott, deen s Du an de Buedem vun Denger Léift geséit hues an, duerch d’Hand vun Denger Guttheet, opgoe gelooss hues. Dëse Som verlaangert, dofir, a sengem bannenzegste Wiesen nom Waasser vun Dengem Erbaarmen, der Liewensquell vun Denger Gnod. Aus dem Himmel vun Denger Guttheet schéck erof, wat hien ënner Dengem Schiet, an Dengem Haff opgoe léisst. Du bass et, deen d’Häerzer vun all deenen, déi Dech erkennen, aus Dengem iwwerräiche Stroum an der Quell vun Denge liewege Gewässer dränkt.

Gelueft sief Gott, den Här vun alle Welten.

#14255
- Bahá'u'lláh

 

O Du onvergläichlechen Här! Nier dëse Puppelchen un der Broscht vun Denger Léift a Guttheet. Behitt hien an der Wéi vun Dengem séchere Schutz a looss hien an den Äerm vun Denger zäertlecher Zouwendung wuessen.

#14256
- `Abdu'l-Bahá

 

O Här! Maach aus dëse Kanner wonnerbar Planzen. Looss se wuessen a gedeien am Gaart vun Dengem Bond. Gëff hinne Frëscht a Schéinheet duerch d’Waasser aus de Wolleke vum allherrleche Kinnekräich.

O Du gudden Här! Ech sinn e klengt Kand, erhief mech an deem s Du mech an Däi Räich ophëls. Ech sinn ierdesch, maach Du mech himmlesch. Ech si vun der Welt hei ënnen, looss mech zum Räich do uewe gehéieren. Ech si bedréckt, looss mech stralen. Ech si materiell, maach mech geeschteg, an erlab mir, dass ech Deng onendlech Guttheet weise kann.

Du bass de Gewaltegen, Deen, dee jiddweree gär huet.

#14257
- `Abdu'l-Bahá

 

O mäin Här! O mäin Här!

Ech sinn e Kand am zaarten Alter. Nier mech un der Broscht vun Denger Gnod, ënnerriicht mech am Schouss vun Denger Léift, erzéi mech an der Schoul vun Denger Féierung a looss mech wuessen am Schiet vun Denger Generositéit. Erléis mech vun der Däischtert, maach aus mir en hellt Liicht; maach mech fräi vu Verdross, maach aus mir eng Blumm aus dem Rousegaart; looss mech en Dénger vun Denger Schwell ginn, a gëff mir d’Gesënnung an d’Wiese vun de Gerechten; maach aus mir d’Ursaach vu Generositéit fir d’Welt vun de Mënschen, a kréin mäi Kapp mam Diadem vum éiwege Liewen.

A Wierklechkeet bass Du de Staarken, de Mächtegen, Deen, dee gesäit, Deen, deen héiert.

#14258
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du gudden Här! Dës häerzeg Kanner sinn d’Wierk vun Denger mächteger Hand an déi wonnerbar Zeeche vun Denger Gréisst. O Gott! Behitt dës Kanner, an hëllef hinnen duerch Deng Gnod, datt si erzunn a fäeg ginn, der Mënschheet ze déngen. O Gott! Dës Kanner si Pärelen, looss si an der Muschel vun Denger Léift a Guttheet opwuessen.

Du bass de Generéisen, Deen, deem Seng Léift alles ëmfaasst.

#14259
- `Abdu'l-Bahá

 

O Gott! Erzéi dëst Këndchen am Schouss vun Denger Léift, a gëff him Mëllech vun der Broscht vun Denger Virsuerg. Kuck no dëser frëscher Planz am Rousegaart vun Denger Léift, an hëllef hir, duerch d’Schauere vun Denger Mëtschgiewegkeet ze wuessen. Maach aus him e Kand vum Kinnekräich a féier et an Däin himmlescht Räich. Du bass mächteg a gutt, an Du bass Deen, dee gëtt, de Generéisen, den Här vun oniwwertrefflecher Generositéit.

#14260
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass Gott! O Gott, mäi Gott! Schenk mir en Häerz, sou reng wéi eng Pärel.

#14261
- `Abdu'l-Bahá

 

O Gott, leed mech, hal Deng Hand iwwer mech, maach aus mir eng stralend Luucht an e blénkege Stär. Du bass de Mächtegen an de Staarken.

#14262
- `Abdu'l-Bahá

 

O Gott! Erzéi dës Kanner. Dës Kanner sinn d’Planzen aus Dengem Bongert, d’Blumme vun Denger Wiss, d’Rousen aus Dengem Gaart. Looss Däi Reen op si falen; looss d’Sonn vun der Wierklechkeet mat Denger Léift op si schéngen. Looss Deng Lëftche si erfrëschen, fir datt si ausgebilt ginn, wuessen, sech entfalen, a sech a gréisster Schéinheet weisen. Du bass Deen, dee gëtt a voller Matleed ass.

#14263
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du onvergläichlechen Här! Sief Du dësem aarme Kand e Schutz, an dëser verierter an onglécklecher Séil e léiwen a verzeiende Meeschter. O Här! Och wa mir nëmme wäertlos Planze sinn, gehéiere mir awer zu Dengem Rousegaart. Och wa mir Schëtz ouni Blieder a Bléie sinn, si mir awer e Stéck vun Dengem Bongert. Ernär dann dës Planz duerch d’Reeschauere vun Dengem zaarten Erbaarmen, stäerk an erfrësch dëse jonke Bam mam beliewenden Otem vun Denger geeschteger Fréijoerszäit. Looss hien opmierksam, verstänneg an nobel ginn, looss hien éiwegt Liewe kréien, a fir ëmmer an Dengem Kinnekräich wunnen.

#14264
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du renge Gott! Ech sinn e klengt Kand; maach, dass ech d’Broscht vun Denger Léift a Guttheet gär hunn, an ernär mech mam Hunneg an der Mëllech vun Denger Léift. Erzéi mech un der Broscht vun Denger Erkenntnis a schenk mir Adel a Wäisheet, sou laang ech nach e Kand sinn.

O Du Gott, deen sech selwer duergeet! Maach mech vertraut mam Kinnekräich vum Onsichtbaren. A Wierklechkeet bass Du de Mächtegen, de Staarken.

#14265
- `Abdu'l-Bahá

 

Lassléisung

Ech weess net, o mäi Gott, wat d’Feier ass, dat s Du an Dengem Land ugefaangen hues. D’Äerd ka säi Glanz nimools verdonkelen an d’Waasser seng Flam net läschen. Kee Vollek op der Welt ka senger Kraaft widderstoen. Gléckséileg ass deen, deen him nokënnt a säin Dauschen héiert.

E puer vun hinnen, o mäi Gott, hues Du et duerch Deng stäerkend Gnod erméiglecht, Dengem Feier méi no ze kommen, wärend s Du aner zeréckgehal hues, wéinst den Doten, déi hir Hänn an Dengen Deeg begaangen hunn. Wien ëmmer him nokënnt an et erreecht, am brennende Verlaangen, Deng Schéinheet ze kucken, gëtt säi Liewen hir op Dengem Pad a kënnt zu Dir erop, ganz lassgeléist vun allem ausser Dir.

Ech bieden Dech, o mäin Här, bei dësem Feier, dat an der Welt vun der Schëpfung flaamt a roost, zerräiss d’Schleier, déi mech hënneren, virum Troun vun Denger Majestéit ze erschéngen a beim Agang vun Denger Paart ze stoen. Bestëmm Du fir mech, o mäin Här, all Guddes, dat s Du an Dengem Buch erofgeschéckt hues, a looss net zou, dass ech wäit ewechbleiwe vum Schutz vun Dengem Erbaarmen.

Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält. Du bass wierklech den Allmächtegen, de Generéisten.

#14266
- Bahá'u'lláh

 

O gëttlech Vorseeung!

Erwäch mech a maach mech bewosst. Looss mech lassgeléist si vun allem ausser Dir a fessel mech mat der Léift fir Deng Schéinheet. Hauch mir den Otem vum hellege Geescht an a looss mech nom Ruff vum Kinnekräich vun Abhá lauschteren. Schenk mir himmlesch Kraaft a fänk d’Luucht vum Geescht an der bannenzegster Kummer vu mengem Häerz un. Maach mech lass vun all Fessel a befrei mech vun all Bindung, fir datt ech no näischt anerem verlaangeren, wéi Dir ze gefalen, näischt sichen nieft Dengem Ubléck a kengem anere Wee noginn wéi Dengem Wee. Maach, datt ech déi Zerstreet dozou féieren, opmierksam ze ginn an déi Schlofend ze erwächen, datt ech d’Waasser vum Liewen deene reechen, déi erdiischtert sinn a gëttlech Heelung deene bréngen, déi krank sinn a leiden.

Och wann ech kleng, erniddregt an aarm sinn, sou bass Du awer mäi sécheren Hafen a mäin Ënnerdaach, mäin Ënnerstëtzer an Deen, dee mir hëlleft. Schéck Deng Hëllef esou erof datt jidderee staunt. O Gott! Du bass wierklech, den Allmächtegen, de Stäerksten, Deen dee gëtt, dee versuergt an deen alles gesäit.

#14267
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du onvergläichlechen Här, dee gär huet!

Och wann et u Fäegkeet a Begabung feelt, an et onendlech schwéier ass, dem Leed ze widderstoen, si Begabung a Fäegkeet awer Geschenker, déi s Du eis gëss. O Här! Gëff eis Fäegkeet a maach eis würdeg, fir datt mir eis als äusserst standhaft erweisen, dëser Welt an all hire Mënschen entsoen, d’Feier vun Denger Léift umaachen an esou wéi Käerzen, hell mat opzierender Flam brennen an eise stralende Glanz verbreeden.

O Här vum Kinnekräich! Erléis eis vun dëser Welt vun eidelen Abildungen a féier eis an d’Räich vun der Onendlechkeet. Maach eis ganz fräi vun dësem niddrege Liewen a looss eis geseent si mat de räiche Geschenker vum Kinnekräich. Befrei eis vun dëser Welt vum Näischt, déi just den Uschäin vun der Realitéit huet, a gëff eis éiwegt Liewen. Schenk eis Freed a Pleséier, a gënn eis Frousinn an Zefriddenheet. Tréischt eis Häerzer a gëff eise Séile Fridden a Rou, sou datt, wa mir an Däi Räich eropkommen, mir Deng Presenz erreechen an eis an de Räicher do uewe glécklech fillen. Du bass Deen, dee gëtt, de Schenkenden, den Allmächtegen!

#14268
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du gudden Här!

Rengeg mäin Häerz vun all Unhänglechkeet, an erfree meng Séil mat frouen Noriichten. Befrei mech vun all Bindung u Frënd wéi u Friemen, fessel mech mat Denger Léift, sou dass ech mech Dir voll a ganz kann higinn an erfëllt si mat feiereger Extas; sou dass ech keen anere begieren ausser Dir, keen anere sichen ausser Dir, keen anere Pad triede wéi Däin an nëmme kommunizéiere mat Dir; sou dass ech, enger Nuechtigailche gläich, verzaubert si vun Denger Léift an Dag an Nuecht keimen a jéimeren, kräischen a jäizen «Yá Bahá’u’l-Abhá!»

#14269
- `Abdu'l-Bahá

 

Luef an Dank

Mäi Gott, mäin Ugebieten, mäi Kinnek, mäi Begieren! Wéi eng Wierder kënne mäin Dank un Dech ausdrécken? Ech war zerstreet, Du awer hues mech erwächt. Ech hat Dir de Réck zougedréit, Du awer hues mir gnädeg gehollef, mech Dir nees zouzewenden. Ech war wéi dout, Du awer hues mech mam Waasser vum Liewen zeréckbruecht. Ech war verdréchent, Du awer hues mech mam himmlesche Stroum vun Denge Wierder, déi aus der Fieder vum Allbaarmhäerzege gefloss sinn, belieft.

O gëttlech Vorseeung! Alles wat besteet, kënnt vun Denger Gnod; verweiger deem net d’Waasser vun Denger Mëtschgiewegkeet an hal se net zeréck virum Mier vun Dengem Erbaarmen. Ech bieden Dech: Hëllef mir, a stéi mir zu allen Zäiten an ënner alle Bedingunge bäi, an ech sichen Deng uréiweg Gonscht vum Himmel vun Denger Gnod. Du bass a Wierklechkeet den Här vun der Gnod, den Herrscher vum Räich vun der Éiwegkeet.

#14270
- Bahá'u'lláh

 

Hien ass Gott! O Här, wéi solle mir Dir Merci soen! Ouni Grenzen ass Deng Guttheet, an eis Dankbarkeet ass nëmme begrenzt. Wéi kann dat Begrenzt dem Onbegrenzten Dank erweisen? Onfäeg si mir, Dir Merci ze soe fir Deng Seegen. Vëlleg ouni Muecht, dréie mir eis Dengem Räich zou a bieden Dech, Deng Geschenker a Mëtschgiewegkeet ze vergréisseren. Du bass Deen, dee gëtt, Du bass Deen, dee schenkt, Du bass de Mächtegen.

#14271
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass Gott.

O du, deen an Ubiedung ronderëm de Punkt kreest, ëm deen d’Awunner vum allerhéchste Paradis kreesen. Hief du deng Hänn an Dankbarkeet un der Schwell vum eenzeg wierkleche Gott a so: O Du, héchst Bestriewe vu jidderengem, deen Dech leidenschaftlech gär huet! O Du, de Guide vun all verierter Séil! Du hues dëse schwaachen Dénger mat Dengen onendleche Seege begënschtegt an dësen Onglécklechen an Niddregen zur Schwell vun Denger Eenheet gefouert. Du hues dësen ausgedréchente Lëpsen d‘liewegt Waasser vun Denger Léift a Guttheet gereecht an dës midd a wieleg Séil mam Wand vu gëttlecher Baarmhäerzegkeet erëm belieft. Ech soen Dir Merci, dass Du mir eng voll Portioun vun Denger gnädegster Gonscht geschenkt hues a mir d‘Éier ginn hues, Deng helleg Schwell* ze erreechen. Ech bieden ëm en onendlechen Undeel vun de Räichtemer vun Dengem Kinnekräich do uewen. Bewëlleg Däi Bäistand. Schenk Deng gnädeg Gonscht.

#14272
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass den Hellegsten, den Herrlechsten. Am Numm vu Gott, de Matleedvollen, de Baarmhäerzegen! Gelueft ass Gott, den Här vun alle Welten!

O Här mäi Gott, mäin Hafen a mäin Ënnerdaach! Wéi kann ech Dech zerguttst ernimmen, sief et och mat de wonnerbaarste Wierder vu Verherrlechung oder den héchst eloquenten Ode vu Luef, o Du Allmächtegen a Verzeienden, wou ech dach weess, dass d’Zong vun all sproochgewaltege Riedner zéckt an all Ausdrock vu Luef vun der mënschlecher Fieder oder Zong duerchernee gëtt beim Versuch, fir nëmmen ee vun den Zeeche vun Denger allmächteger Stäerkt ze verherrlechen oder een eenzegt Wuert, dat vun Dir geschaf gouf, héich ze luewen. A Wierklechkeet sinn d’Flilleke vun de Vigel vum mënschleche Verstand gebrach bei hirem Versuch, zur Atmosphär vun Denger gëttlecher Herrlechkeet eropzefléien, an d’Spanne vun eideler Abildung bréngen et absolut net fäerdeg fir hir zerbriechlech Netzer op den héchste Spëtzen um Baldachin vun Dengem Wëssen ze wiewen. Et gëtt fir mech also keen aneren Auswee, wéi deen, meng Schwächt a Mängel zouzeginn an et gëtt fir mech keng aner Wunneng wéi an den Déifte vun Aarmut an Entbieren. A Wierklechkeet ass d’Onfäegkeet, Dech ze begräifen d’Essenz vum Verstoen, d’Ageständnis vu Mängel dat eenzegt Mëttel, bei Dech ze kommen, d’Zougi vun Aarmut, d’Quell vun echtem Räichtum.

O Här! Stéi mir an Dengen opriichtegen Dénger gnädeg zur Säit an eiser Ënnerwerfung virun Denger héijer Schwell, stäerk eis an eisem Bieden ëm Deng gëttlech Hellegkeet a befäeg eis, damiddeg an ënnerwerfeg virun der Dier vun Denger Eenheet ze stoen. Stäerk eis Schrëtt op Dengem Pad, o mäin Här, a maach mäin Häerz hell mat de Liichtstralen, déi vum Himmel vun Denge Geheimnisser erofschéngen.

Erfrësch mäi Geescht mat der ureegender Lëftchen, déi aus dem Paradis vun Dengem Pardon an Denger Verzeiung bléist, an erfree meng Séil duerch de beliewenden Otem, dee vun de Wise vun Denger Hellegkeet aus verbreet gëtt. Looss mäi Gesiicht stralen an de Welte vun Denger Eenheet an erlab, dass ech zu Dengen opriichtegen Dénger gezielt ginn an zu Denge Kniechte gehéieren, déi fest a sécher stinn.

#14273
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass den Allherrlechen, de Stralendsten. O gëttlech Vorseeung, o verzeienden Här! Wéi kann ech jeemools zerguttst Däi Luef sangen oder Dech genuch veréieren a verherrlechen? Deng Beschreiwung duerch iergend eng Zong ass näischt aneres wéi Iertum an Deng Duerstellung duerch iergend eng Fieder ass e Beweis fir d’Topegkeet vun deenen, déi sech un dëser gewalteger Aufgab versichen. D’Zong ass nëmmen en Instrument, dat aus Elementer zesummegesat ass; Stëmm a Sprooch sinn näischt aneres wéi zoufälleg Attributer. Wéi kann ech also mam Instrument vun enger ierdescher Stëmm, de Luef feiere vun Him, dee weeder sengesgläichen huet, nach een, deen Him gläicht. Alles, wat ech soen oder siche kann, ass beschränkt duerch de Verstand vum mënschleche Geescht an ageschloss bannent de Grenze vun der mënschlecher Welt. Wéi ka mënschlecht Denken jeemools déi héchst Spëtze vu gëttlecher Hellegkeet erklammen a wéi kann d’Spann vun eideler Abildung jeemools hiert zerbriechlecht Netz vun huele Virstellungen iwwer d’Heem vun der Hellegkeet wiewen? Näischt kann ech maachen, ausser meng Schwächt ze bezeien a mäi Versoen anzegestoen. Du bass, a Wierklechkeet, Deen, deen alles besëtzt, den Onerreechbaren, Deen, deen héich iwwerem Versteesdemech vun deene schwieft, déi mat Verstand ausgerëscht sinn.

#14274
- `Abdu'l-Bahá

 

Mammen, déi erwaarden

Mäin Här! Mäin Här! Ech luewen Dech an ech sinn Dir dankbar fir d‘Gonscht déi s Du Denger bescheidener Déngerin, Denger Mod, déi Dech damiddeg biet, erwisen hues, well Du hues si wierklech zu Dengem manifeste Kinnekräich geleet, hues si Däin erhuewene Ruff an der Welt vum Zoufall héieren an Deng Zeechen, déi d’Komme vun Denger gewonnener Herrschaft iwwer all Saache beweisen, gesi gelooss.

O mäin Här, ech widmen Dir dat, wat ech ënner dem Häerz droen. Looss et e luewenswäert Kand an Dengem Kinnekräich ginn, an e Glécklecht duerch Deng Gonscht a Generositéit; looss et sech entwéckelen an ënner dem Schutz vun Denger Erzéiung opwuessen. Du bass wierklech de Baarmhäerzegen! Du bass wierklech den allgnädegen Här!

#14275
- `Abdu'l-Bahá

 

Mëtternuecht

O du, deen no der Wourecht sicht! Wann s du gär häss, dass Gott deng Aen opmécht, da muss du ëm Mëtternuecht Gott damiddeg froen, zu Him bieden a mat Him schwätzen andeems de sees:

O Här, ech hu mäi Bléck op Däi Räich vun der Eenheet geriicht a sinn am Mier vun Denger Gnod ënnergedaucht. O Här, klär meng Siicht an deem ech Deng Liichter an dëser däischterer Nuecht betruechten, a maach mech frou mam Wäi vun Denger Léift an dëser wonnerbarer Zäit. O Här, looss mech Däi Ruff héieren a maach d’Diere vun Dengem Himmel viru mir op, sou dass ech d’Liicht vun Denger Herrlechkeet ka gesinn an esou vun Denger Schéinheet ugezu ginn.

A Wierklechkeet bass Du Deen, dee gëtt, de Generéisen, de Baarmhäerzegen, Deen, dee verzeit.

#14276
- `Abdu'l-Bahá

 

Moies

An Dengem Ënnerdaach sinn ech erwächt, o mäi Gott, an et gehéiert sech deem, deen dësen Ënnerdaach sicht, ënner Dengem hellege Schutz an an Denger staarker Festung ze bleiwen. Erliicht mäi bannenzegt Wiesen, o mäi Gott, mam Glanz vun der Moiessonn vun Denger Offenbarung, sou wéi s Du mäi baussenzegt Wiese mat der Mueresluucht vun Denger Gonscht méi hell gemaach hues.

#14277
- Bahá'u'lláh

 

O mäi Gott a mäi Meeschter! Ech sinn Däin Dénger an de Jong vun Dengem Dénger. Fréi haut de Moie sinn ech aus mengem Bett opgestanen, wéi d’Sonn vun Denger Eenheet aus der Mueresdämmerung vun Dengem Wëllen erschéngen ass an hire Glanz iwwer d’Welt verbreet huet, sou wéi et an de Bicher vun Dengem Gebot bestëmmt ass.

Gelueft bass Du, o mäi Gott, dass mir zur Herrlechkeet vum Liicht vun Dengem Wëssen erwächt sinn. Schéck dann op eis erof, o mäin Här, wat eis fäeg mécht, jiddwereen ausser Dir ze entbieren, a wat eis vun all Unhänglechkeet ausser Dir befreit. Verschreif ausserdeem, fir mech, an all déi, déi ech gär hunn, a fir meng Famill, souwuel Männer wéi Fraen, dat Gutt vun dëser an der nächster Welt. Hal eis dann a Sécherheet, duerch Däin onfeelbare Schutz, o Du, dee jiddwereen an der ganzer Schëpfung gär huet, Du Verlaangere vum ganzen Universum, virun deenen, déi s Du zu Spriechere vum béise Flüsterer gemaach hues, déi an de Mënschen hire Brëscht pësperen. Mächteg bass Du, dat ze maachen, wat Dir gefält. Du bass wierklech den Allmächtegen, Deen, deen a Gefor hëlleft, Deen, deen duerch sech selwer ass.

Seen Du, o Här mäi Gott, Hien, deen s Du iwwer Deng ausgezeechentst Nimm gesat hues, an duerch deen s Du déi Gleeweg vun de Béise getrennt hues, an hëllef eis gnädeg dat ze maachen, wat s Du gär hues a wënschs. Seen Du och, o mäi Gott, déi, déi Deng Wierder a Buschtawe sinn, déi Dir hire Bléck zougedréit hunn, a sech Dir zougewannt an Däi Ruff héieren hunn.

Du bass, wierklech den Här an de Kinnek vun all Mënsch, an Du hues Muecht iwwer alles.

#14278
- Bahá'u'lláh

 

Duerch Deng Gnod, o mäi Gott, sinn ech haut de Moien opgestan, a voll Vertrauen an Dech hunn ech mäin Haus verlooss, a mech Denger Suerg uvertraut. Schéck mir elo, aus dem Himmel vun Dengem Erbaarmen, Däi Seegen op mech erof a looss mech nees sécher heemkommen, sou wéi s Du mech ënner Dengem Schutz erausgoe gelooss hues, mat menge Gedanke fest op Dech geriicht.

Et gëtt kee Gott ausser Dir, deem Engen, dem Onvergläichlechen, dem Allwëssenden, dem Onendlechweisen.

#14279
- Bahá'u'lláh

 

Ech luewen Dech, o mäi Gott, dass Du mech aus mengem Schlof erwächt hues an dass Du mech, nodeem ech fort war, zeréckkommen a mech aus mengem Schlummer opstoe gelooss hues. Ech sinn haut de Mueren erwächt, mat mengem Bléck der prächteger Sonn vun Denger Offenbarung zougedréit, duerch déi d’Himmele vun Denger Muecht a Majestéit erliicht gi sinn. Ech bekenne mech zu Dengen Zeechen, ech gleewen un Däi Buch an hale mech fest un Dengem Seel.

Ech bieden Dech bei der Muecht vun Dengem Wëllen an der bezwéngender Kraaft vun Denger Absicht: Maach, wat s Du mir am Schlof offenbaart hues, zum séchere Fundament fir d’Wunnenge vun Denger Léift, déi an den Häerzer vun deene sinn, déi Dech gär hunn, an zum beschten Instrument fir d’Offenbarung vun den Zeeche vun Denger Gnod, Léift a Guttheet. Bestëmm Du fir mech, duerch Deng héchste Fieder, o mäin Här, dat Gutt vun dëser an der nächster Welt. Ech bezeien, dass Du alles fest am Grëff hues. Du änners et, wéi et Dir gefält. Et gëtt kee Gott ausser Dir, de Staarken, den Treien.

Du bass et, deen duerch Säin Uerder, Erniddregung an Herrlechkeet, Aarmséilegkeet a Stäerkt, Schwächt a Muecht, Angscht a Rou, an Zweiwel a Gewëssheet ëmwandelt. Et gëtt kee Gott ausser Dir, de Mächtegen, Deen, dee Guddes mécht.

Du enttäuschs keen, deen Dech sicht an häls keen zeréck, dee sech no Dir seent. Bestëmm da fir mech, wat dem Himmel vun Denger Generositéit an dem Mier vun Denger Guttheet entsprécht. Du bass wierklech den Allmächtegen, de Gewaltegsten.

#14280
- Bahá'u'lláh

 

O Här, sou räich u Guttheet a mat Gnod sou voll; Dat Wëssen, ech zudéifst an Häerz a Séil geholl!

Fréi mueres fënnt meng Séil den Trouscht jo just bei Dir; Meng Nout a Leed keen an‘re kennt, keen ausser Dir.

Huet unerkannt dat Häerz Däin Numm fir ee Moment; Kee Frënd et sicht wéi Schmäerz fir Dech eleng, dee brennt.

Verwielecht sief dat Häerz beim Keimen net fir Dech; A besser blann dat A beim Kräischen net fir Dech!

An all den däischt‘re Stonnen, o Du Här vu Muecht; Mäin Häerz huet just un Dech als stralend Liicht geduecht.

Hauch Du, duerch Deng grouss Gonscht, a mech Däi Geescht eran; Sou dass, dat, wat ni wor, fir ëmmer bleiwe kann.

Kuck net op de Verdéngscht, kuck net op eise Wäert; o gudden Här, kuck just op d’Gnod vun Dir gewäert.

De Vigel, lues am Fluch, hir Flilleke gebrach schenk Du aus zaarter Gnod zwee neier hinnen dach.

#14281
- `Abdu'l-Bahá

 

Owes

Wéi kann ech Schlof sichen, o Gott, mäi Gott, wann d’Ae vun deenen, déi no Dir verlaangeren, waakreg sinn, wéinst hirer Trennung vun Dir, a wéi kann ech mech leeë fir ze raschten, wann d’Séile vun deenen, déi Dech gär hunn, uerg leiden, well si wäit ewech si vun Denger Präsenz? Ech hunn, o mäin Här, mäi Geescht a mäi ganzt Wiesen an d’riets Hand vun Denger Muecht an Dengem Schutz ginn, an ech leeë mäi Kapp op mäi Këssen duerch Deng Muecht, an hiewen en nees op, no Dengem Wëllen an Dengem Gefalen. Du bass a Wierklechkeet Deen, deen erhält a versuergt, den Allmächtegen, de Mächtegsten.

Bei Denger Muecht! Ob ech schlofen oder waakreg sinn, froen ech nëmmen dat, wat s Du wënschs. Ech sinn Däin Dénger an an Dengen Hänn. Hëllef Du mir gnädeg ze maachen, wat den Doft vun Dengem Gefale verbreet. Dat ass wierklech meng Hoffnung an d’Hoffnung vun deenen, déi sech freeën, no bei Dir ze sinn. Gelueft bass Du, o Här vun de Welten.

#14282
- Bahá'u'lláh

 

O mäi Gott, mäi Meeschter, d’Zil vu mengem Verlaangeren. Däin Dénger wëll schlofen am Ënnerdaach vun Dengem Erbaarmen a rouen am Zelt vun Denger Gnod. E biet Dech un, fir dass Du fir hie suergs, an dass näischt un hie kënnt.

Ech bieden Dech o mäin Här, bei Dengem A, dat net schléift, behitt meng Aen, dass si soss näischt kucke wéi Dech. Maach dann hire Bléck schaarf, fir dass si Deng Zeechen erkennen an den Horizont vun Denger Offenbarung kucken. Du bass Deen, virun deem Sengen Offenbarunge vun héchster Muecht all Muecht an hirem Wiesenskär ziddert.

Et gëtt kee Gott ausser Dir, dem Allmächtegen, dem Allesënnerwerfenden, dem Vollkommenen.

#14283
- Bahá'u'lláh

 

Schutz

… Bewaffnet mat der Muecht vun Dengem Numm, kann näischt mir jeemools wéidoen, a mat Denger Léift a mengem Häerz kann de Misär vun der ganzer Welt mech op keng Manéier beonrouegen. ...

#14284
- Bahá'u'lláh

 

Éier sief Dir, o Gott! Du bass dee Gott, dee virun allem existéiert huet, deen no allem existéiere wäert an iwwer alles ewech bestoe bleift. Du bass dee Gott, deen alles weess a sech iwwer alles erhieft. Du bass dee Gott, dee mat allem gnädeg ëmgeet, deen tëschent allem entscheet, an deem Seng Visioun alles ëmfaasst. Du bass Gott mäin Här, Du kenns meng Lag an Du gesäis mäin ënnerlecht a mäin äusserlecht Wiesen.

Schenk mir an de Gleewegen, déi Dengem Ruff nogaange sinn, Verzeiung. Sief Du meng eenzeg Hëllef géint de Muttwëll vu jiddwerengem dee mir wëll Leed undoen oder mir Schlechtes wënscht. Du bass wierklech den Här vun allem, wat s Du erschafen hues. Du gees jiddwerengem duer, mee ouni Dech ka kee sech selwer duergoen.

#14285
- The Báb

 

O mäin Här! Du weess dass d’Mënschen ëmzéngelt si vu Leed a Misär, an ëmgi si vun Nout an Ierger. Prüfunge ploen de Mënsch, a schrecklech Onglécker iwwerfalen hie wéi den Ugrëff vun enger Schlaang. Et gëtt keen Ënnerdaach, keen Asyl fir hien ausser ënnerem Flillek vun Dengem Schutz, Dengem Schierm, Denger Opsiicht an Dénger Wuecht.

O Du Baarmhäerzegen! O mäin Här! Maach Däi Schutz meng Rüstung, Däi Schierm mäi Schëld, Bescheidenheet virun der Dier vun Denger Eenzegkeet mäi Wiechter, Deng Wuecht a Verdeedegung meng Festung a meng Wunneng. Schierm mech of virum Afloss vum Ego an dem Verlaangen, a beschütz mech vun all Krankheet, Plo, Schwieregkeet a Misär.

A Wierklechkeet bass Du de Beschützer, den Hidder, den Erhaler, Deen, dee sech selwer duergeet. A Wierklechkeet bass Du de Baarmhäerzegste vun de Baarmhäerzegen.

‘ABDU’L-BAHÁ

#14286
- `Abdu'l-Bahá

 

O Du gudden Här!

Dës Séile sinn Deng Frënn, déi zesummekomm a vun Denger Léift fortgedroe sinn. Si gi vun de Strale vun Denger Schéinheet ugezunn a vun Dengen no Moschus doftende Krausele verzaubert. Si hunn Dir hir Häerzer iwwerginn a wanderen, damiddeg a verluer, op Dengem Wee. Si hunn esouwuel Frënd wéi Frieme verlooss a sech un Deng Eenheet geklamert, verneigt an Ubiedung virun Dir. Si hunn zu dëser niddreger Welt gehéiert; Du hues se an Dengem Räich empfaangen. Si ware wéi verwielte Planzen an der Wildnis vum Entzuch a Verloscht; Du hues se zu Plänzercher am Gaart vum Wëssen a Verständnis gemaach. Hir Stëmme ware verstommt; Du hues se erëm un d‘Schwätze bruecht. Si ware verzweiwelt; Du hues Liicht iwwer se bruecht. Si ware wéi ausgedréchenten an onfruchtbare Buedem; Du hues se an e Rousegaart vun ënnerleche Bedeitunge verwandelt. Si ware wéi Kanner an der Welt vun der Mënschheet; Du hues hinnen erméiglecht, himmlesch Maturitéit ze erreechen.

O Du Gudden! Gëff hinnen en Hafen an eng sécher Plaz am Schutz vun Dengem Ënnerdaach a schütz si virun Tester a Prüfungen. Léin hinnen Deng onsiichtbar Hëllef a schenk hinnen Deng onfeelbar Gnod.

O Du gudden Här, dee mir gär hunn! Si si wéi de Kierper, an Du bass de Geescht vum Liewen. Fir seng Frëscht a Schéinheet ass de Kierper ofhängeg vun der Gnod vum Geescht. Si brauchen dofir Deng Bestätegungen a verlaangeren no der erhalender Kraaft vum Hellege Geescht an dëser neier Offenbarung. Du bass de Mächtegen. Du bass Deen, dee gëtt, dee versuergt, dee schenkt, an Deen, dee verzeit. Du bass Deen, deen hell aus dem onsiichtbare Räich eraus schéngt.

‘ABDU’L-BAHÁ

#14287
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass Gott.

O Gott, mäi Gott! Mat äusserster Bescheidenheet an Äifer, Damiddegkeet an Ubiedung, bieden ech Dech mat menger Zong a mengem Häerz, mat mengem Geescht a menger Séil, mat mengem Verstand a mengem Gewëssen, dee meeschtgeschätzte vun alle Wënsch ze erfëllen, déi verdéngschtvollst vun allen Doten ze bestëmmen, an all Éier a Vollkommenheet, Gonscht a Schéinheet, Wuelstand a Séilegkeet fir dës Famill ze veruerdnen, déi sech, beim Ubrieche vun Dengem stralende Moien, an Däi schützende Schiet geflass huet an en Ënnerdaach an Dengem sécheren Hafen an Denger mächteger Festung gesicht huet. Wierklech, dës Séilen hunn Dengem Ruff nogelauschtert, sinn no bei Deng Schwell komm, goufe vum Feier vun Denger Léift entflaamt a vun den Otemzich vun Denger Hellegkeet fortgedroen. Si ware bestänneg am Déngscht vun Denger Saach, damiddeg virun Dir an eedel ënner Dengem schützende Schiet. Si sinn ënner Dengem Vollek bekannt als déi, déi Däin Numm droen an ernimmen Dech ënner Dengen Dénger.

O Gott, mäi Gott! Erhief si duerch Deng uréiweg Herrlechkeet, éier si an Dengem prächtege Räich a stéi hinne bäi mat den Arméie vun Denger Gonscht an dësem groussen Dag. O Här, mäi Gott! Hief hire Fändel héich, gewär hinnen e méi vollen Undeel un Dengem Schutz, verbreet hir Zeechen an all Richtungen a vergréisser hire Glanz, esou dass si zu engem Glas fir d’Luucht vun Denge villfältege Gefalen, a Verbreeder vun Denger Léift a Guttheet an Denger Gnod ginn.

O Här, mäi Gott! Sief Du hire Begleeder an hirer Einsamkeet an ëmstell si mat Denger Hëllef an hire Momenter vun Angscht. Vermaach hinnen Däi Buch a gewär hinnen déi voll Mooss vun Denge Geschenker an Denger Gonscht. Du bass a Wierklechkeet de Mächtegen, de Staarken, de Gnädegen, Deen, dee gär gëtt an Du bass wierklech de Baarmhäerzegen, de Matleedvollen.

‘ABDU’L-BAHÁ

#14288
- `Abdu'l-Bahá

 

Standhaftegkeet

O Här, mäi Gott! Stéi deene bäi, déi s Du gär hues, fir dass si fest an Dengem Glawe sinn, op Denge Weeër ginn a standhaft an Denger Saach sinn. Gëff hinnen Deng Gnod, dem Stuerm vun der Selbstsucht an der Leidenschaft ze widderstoen, an dem Liicht vun der gëttlecher Féierung nozegoen. Du bass de Mächtegen, de Gnädegen, Deen, deen duerch sech selwer ass, Deen, dee gëtt, de Matleedvollen, den Allmächtegen, de Ganzgeneréisen.

#14289
- `Abdu'l-Bahá

 

Verstuerwen

Dëst Gebiet sollt am Ufank vun der Andeelung fir déi Verstuerwe stoen. D‘Gebiet fir déi Verstuerwen ass dat eenzegt obligatorescht Bahá’í Gebiet, wat an der Kongregatioun ze rezitéieren ass; et gëtt vun engem Gleewege rezitéiert, iwwerdeems all déi, déi do sinn, an der Stëll do stinn. BAHÁ’U’LLÁH huet erkläert, dass dëst Gebiet nëmmen néideg ass, wann de Verstuerwenen iwwer fofzéng Joer al ass, dass et muss gesot ginn, ier d‘Doudelued an d‘Graf erofgelooss gëtt, an dass et net néideg ass, sech der Qiblih zouzedréien, wann et gesot gëtt. «Alláh-u-Abhá» gëtt eemol gesot; da gëtt den éischte vun de sechs Versen nonzéngmol gesot. Da gëtt «Alláh-u-Abhá» nees gesot, suivéiert vum zweete Vers, deen dann nongzéngmol gesot gëtt, a sou weider.

O mäi Gott! Dat hei ass Däin Dénger an de Jong vun Dengem Dénger, deen un Dech an un Deng Zeeche gegleeft huet, an deen Dir säi Bléck zougedréint huet, ganz lassgeléist vun allem ausser Dir. Du bass wierklech, vun deenen déi Baarmhäerzegkeet weisen, de Baarmhäerzegsten. Géi sou mat him ëm, o Du, deen s Du de Mënschen hir Sënne verzeis an hir Feeler verdecks, wéi et dem Himmel vun Denger Generositéit an dem Mier vun Denger Gnod entsprécht. Huel hien op an d’Räich vun Dengem himmleschen Erbaarmen, wat virun der Schëpfung vun Himmel an Äerd war. Et gëtt kee Gott ausser Dir, dem Ëmmerverzeienden, dem Generéisten.

Looss hien da sechs mol d’Begréissung «Alláh-u-Abhá» widderhuelen an dann nonzéngmol jiddweree vun de folgendeVerse soen:

A Wierklechkeet biede mir all Gott un.

A Wierklechkeet verneige mir eis all viru Gott.

A Wierklechkeet gi mir eis all Gott hin.

A Wierklechkeet luewe mir all Gott.

A Wierklechkeet soe mir all Gott Merci.

A Wierklechkeet si mir all gedëlleg a Gott.

Wann den Doudegen eng Fra ass, seet een: «Hei ass Deng Mod an d’Duechter vun Denger Mod »

#14290
- Bahá'u'lláh

 

Erlab, o mäin Här, dass déi, déi zu Dir eropkomm sinn, an Dir, dem beschte Komerod, en Ënnerdaach fannen, an dass si am Schiet vum Tabernakel vun Denger Majestéit an am Hellegtum vun Denger Herrlechkeet wunnen. Verspreet Du iwwer si, o mäin Här, vum Mier vun Denger Verzeiung, wat si wierdeg mécht, an Dengem allerhéchste Kinnekräich an am himmleschen Domän ze wunnen, soulaang wéi Deng Herrschaft dauert. Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält.

#14291
- Bahá'u'lláh

 

So: O Gott, mäi Gott! Du hues mengen Hänn e Schaz vun Dir uvertraut, an no Dengem Wëllen, wéi et Dir gefält, hues Du en elo zu Dir zeréckgeruff. Et steet mir, Denger Mod, net zou, ze froen, firwat mech dat getraff huet oder firwat et geschitt ass, well Du gëss verherrlecht an all Denge Wierker, an Dengem Befeel muss gefollegt ginn. Deng Mod, o mäin Här, huet hir Hoffnungen op Deng Gnod a Guttheet gesat. Looss si dat erreechen, wat si no bei Dech bréngt, a wat hir an all Denge Welten zegutt kënnt. Du bass Deen, dee verzeit, de Ganzgeneréisen. Et gëtt kee Gott ausser Dir, Deen, dee bestëmmt, den Uréiwegen.

#14292
- Bahá'u'lláh

 

O Du, dee gëtt, o Du, dee verzeit!

Eng nobel Séil ass an d’Kinnekräich vun der Wierklechkeet opgestigen an huet sech vun der stierflecher Welt vum Stëbs an d’Räich vun der éiweger Herrlechkeet geflass. Erhief de Rang vun dësem Gaascht, dee viru kuerzem ukomm ass an do dësem laangjäregen Dénger en neit, wonnerschéint Kleed un.

O Du onvergläichlechen Här! Gewär Deng Verzeiung an zäertlech Suerg, sou datt dës Séil an d‘Räich vun Denge Geheimnisser eragelooss an e vertraute Begleeder an der Versammlung vun der Herrlechkeet ka ginn. Du bass Deen, dee gëtt a schenkt, an deen éiweg gär huet. Du bass de Verzeienden, den Duussen, de Mächtegsten.

#14293
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass Gott.

O Du verzeienden Här! Dës Dénger waren nobel Séilen, an dës stralend Häerzer goufen duerch d’Liicht vun Denger Féierung hell a stralend gemaach. Si hunn e Kielech, bis zum Rand gefëllt, mam Wäin vun Denger Léift gedronk, a schenken den éiwege Geheimnisser, déi vun de Melodië vun Dengem Wëssen erkléngen, Gehéier. Si hunn hir Häerzer un Dech gebonnen, sech vun der Schléng vum Ausernanerliewe lassgerappt a sech un Deng Eenheet geklamert. Maach dës wäertvoll Séile Begleeder vun den Awunner vum Himmel an huel se op an de Krees vun Dengen Auserwielten. Maach si zu Vertraute vun Denge Geheimnisser am Räich do uewen an dauch se an d‘Mier vu Liicht. Du bass Deen, dee gëtt, de Liichtenden, an de Gnädegen.

#14294
- `Abdu'l-Bahá

 

O gëttlech Vorseeung, Du bass den Ëmmerverzeienden!

O Du allmächtege Gott, Du bass de Gnädegen! Looss dësen Dénger, deen s Du immens gär hues, am Schiet vun Denger Herrlechkeet rouen a gewär, dass dësen Onglécklechen an Aarmen an de Grenze vun Denger Baarmhäerzegkeet gedeit an opblitt. Gëff him ze drénken aus dem Kielech vum Nobäisi bei Dir a looss hien am Schiet vum geseente Bam wunnen. Bewëlleg him d’Éier, Deng Presenz ze erreechen a schenk him éiweg Séilegkeet. Hëllef gnädeg der iwwerliewender Famill vun dëser eedeler Séil, dass si an d’Foussspuere vun hirem léiwe Papp trëtt, säi Charakter a säi Verhalen ënner alle Mënschen erëmspigelt, Dengem Pad nogeet, Däi Gefale sicht an Däi Luef ausschwätzt. Du bass de Gott, deen éiweg gär huet, den Här vun der Mëtschgiewegkeet.

#14295
- `Abdu'l-Bahá

 

Verzeiung

Ech bieden Dech mir ze verzeien, o mäin Här, fir d‘Ernimme vun allem ausser Dir, fir all Luef ausser Dengem, fir all Freed ausser där, no bei Dir ze sinn, fir all Pleséier ausser deem, mat Dir verbonnen ze sinn, fir all Gléck ausser deem, vun Denger Léift a guddem Wëllen, a fir all Saachen déi mech uginn, déi awer näischt mat Dir ze dinn hunn, o Du, deen s Du den Här vun allen Häre bass, Deen, deen d’Mëttele verschaaft an d’Dieren opspäert.

#14296
- The Báb

 

Éier sief Dir o Gott! Wéi kann ech vun Dir schwätzen, wou s Du gehellegt bass iwwer de Luef vun der ganzer Mënschheet? Verherrlecht sief Däin Numm, o Gott! Du bass de Kinnek, déi éiweg Wourecht. Du weess, wat an den Himmelen an op der Äerd ass, an zu Dir musse si all zeréckkommen. Du hues Deng gëttlech bestëmmten Offenbarung, no enger präziser Mooss, erofgeschéckt. Gelueft bass Du o Här! Duerch Däin Uerder, méchs Du, wien och ëmmer s Du wëlls, zum Gewënner, mat der Hëllef vun den Arméien aus dem Himmel, der Äerd, an deem wat dertëschent läit. Du bass den héchsten Herrscher, déi éiweg Wourecht, den Här, deem Seng Muecht net ze iwwerwannen ass. Verherrlecht bass Du o Här! Du verzeis zu jiddwer Zäit d’Sënne vu jiddwerengem vun Dengen Dénger, déi Dech ëm Verzeiung bieden.

Wäsch meng Sënnen of, an och d’Sënne vun deenen, déi bei der Mueresdämmerung Deng Verzeiung sichen, déi zu Dir bieden am Dag wéi an der Nuecht, déi no näischt ausser Gott verlaangeren, déi hierginn, wat och ëmmer Gott hinne gnädeg zougesteet, déi Däi Luef moies an owes feieren, an net noléisseg sinn an hire Flichten.

#14297
- The Báb

 

Gëff mir en Undeel vun Denger Gnod, Léift a Guttheet, Denger Fleeg an Dengem Schutz, Dengem Ënnerdaach an Denger Mëtschgiewegkeet, datt d’Enn vu mengen Deeg sech iwwer hiren Ufank erhieft an de Schluss vu mengem Liewen d’Portaler zu Denge villfältege Seegen opmécht. Looss Deng Léift, Guttheet a Baarmhäerzegkeet zu all Moment op mech erofkommen a mir Deng Verzeiung an Däi Matleed mat all Otemzuch zoukommen, bis ech ënner dem schützende Schiet vun Dengem erhuewene Fändel, endlech an d’Kinnekräich vun Deem, dee vun alle gelueft gëtt, anzéie kann. Du bass Deen, dee gëtt an ëmmer gär huet an Du bass wierklech den Här vun der Gnod a Mëtschgiewegkeet.

#14298
- `Abdu'l-Bahá

 

Occasional

Ayyám-i-Há

Ayyám-i-Há - Ageschubsten Deeg

Déi extra Deeg, tëschent dem 18. Mount, Mulk, an dem 19. Mount, ‘Alá‘, normalerweis vum 26. Februar bis zum 1. Mäerz, sinn do, fir sech op d’Faaschtenzäit virzebereeden. Et sinn Deeg vu Gaaschtfrëndlechkeet, wou een eppes fir e gudden Zweck ka ginn a wou ee Geschenker mécht.

Mäi Gott, mäi Feier a mäi Liicht! Déi Deeg, déi s Du an Dengem Buch Ayyám-i-Há* genannt hues, hunn ugefaangen, o Du Kinnek vun allen Nimm, an d’Faaschtenzäit, déi Deng héchste Fieder all deenen zur Flicht gemaach huet, déi am Kinnekräich vun Denger Schëpfung sinn, kënnt ëmmer méi no. Ech bieden Dech, o mäin Här, bei dësen Deeg a bei all deenen, déi sech wärend dëser Zäit un d’Seel vun Denge Geboter klameren, a sech un de Grëff vun Denge Virschrëften halen, gëff, dass jiddwer Séil eng Plaz no bei Dengem Haff bestëmmt ass, e Sëtz bei der Offenbarung vum Glanz vun der Luucht vun Dengem Ubléck.

Dës sinn Deng Dénger, o mäin Här, déi keng verduerwen Naupe vun deem ofhält, wat s Du an Dengem Buch erofgeschéckt hues. Si vernäipe sech virun Denger Saach, si akzeptéieren Däi Buch mat enger Entschlossenheet, déi aus Dir gebuer ass. Si halen dat an, wat s Du hinne virgeschriwwen hues, a wëllen deem nogoen, wat s Du hinne geschéckt hues.

Du gesäis, o mäin Här, wéi si erkennen a bezeien, wat s Du an Denge Schrëften offenbaart hues. Gëff hinnen, o mäin Här, d’Waasser vun Denger Éiwegkeet aus den Hänn vun Denger Generositéit ze drénken. Bestëmm da fir si d’Belounung, déi deem zousteet, deen am Mier vun Denger Realitéit daucht, an deen den auserwielte Wäi vum Begéine mat Dir schmaacht. Ech bieden Dech, o Du Kinnek vun de Kinneken, dee Matleed mat den Ënnerdréckten huet, bestëmm fir si dat Gutt vun dëser an der nächster Welt. Schreif Du och fir si néier, wat kee vun Dengen erschafene Wiesen entdeckt huet, a looss si zu deenen zielen, déi Dech ëmkreesen, a ronderëm Däin Troun an all Denge Welten dréien. Du bass wierklech, den Allmächtegen, den Allwëssenden, den Allweisen.

Deeg vun Há

#14299
- Bahá'u'lláh

 

Déi extra Deeg, tëschent dem 18. Mount, Mulk, an dem 19. Mount, ‘Alá‘, normalerweis vum 26. Februar bis zum 1. Mäerz, sinn do, fir sech op d’Faaschtenzäit virzebereeden. Et sinn Deeg vu Gaaschtfrëndlechkeet, wou een eppes fir e gudden Zweck ka ginn a wou ee Geschenker mécht.

Mäi Gott, mäi Feier a mäi Liicht! Déi Deeg, déi s Du an Dengem Buch Ayyám-i-Há* genannt hues, hunn ugefaangen, o Du Kinnek vun allen Nimm, an d’Faaschtenzäit, déi Deng héchste Fieder all deenen zur Flicht gemaach huet, déi am Kinnekräich vun Denger Schëpfung sinn, kënnt ëmmer méi no. Ech bieden Dech, o mäin Här, bei dësen Deeg a bei all deenen, déi sech wärend dëser Zäit un d’Seel vun Denge Geboter klameren, a sech un de Grëff vun Denge Virschrëften halen, gëff, dass jiddwer Séil eng Plaz no bei Dengem Haff bestëmmt ass, e Sëtz bei der Offenbarung vum Glanz vun der Luucht vun Dengem Ubléck.

Dës sinn Deng Dénger, o mäin Här, déi keng verduerwen Naupe vun deem ofhält, wat s Du an Dengem Buch erofgeschéckt hues. Si vernäipe sech virun Denger Saach, si akzeptéieren Däi Buch mat enger Entschlossenheet, déi aus Dir gebuer ass. Si halen dat an, wat s Du hinne virgeschriwwen hues, a wëllen deem nogoen, wat s Du hinne geschéckt hues.

Du gesäis, o mäin Här, wéi si erkennen a bezeien, wat s Du an Denge Schrëften offenbaart hues. Gëff hinnen, o mäin Här, d’Waasser vun Denger Éiwegkeet aus den Hänn vun Denger Generositéit ze drénken. Bestëmm da fir si d’Belounung, déi deem zousteet, deen am Mier vun Denger Realitéit daucht, an deen den auserwielte Wäi vum Begéine mat Dir schmaacht. Ech bieden Dech, o Du Kinnek vun de Kinneken, dee Matleed mat den Ënnerdréckten huet, bestëmm fir si dat Gutt vun dëser an der nächster Welt. Schreif Du och fir si néier, wat kee vun Dengen erschafene Wiesen entdeckt huet, a looss si zu deenen zielen, déi Dech ëmkreesen, a ronderëm Däin Troun an all Denge Welten dréien. Du bass wierklech, den Allmächtegen, den Allwëssenden, den Allweisen.

Deeg vun Há

#14300
- Bahá'u'lláh

 

Faaschten

D’Faaschtenzäit ass vum 1. oder 2. bis den 19. oder 20. Mäerz.

Am Kitáb-i-Aqdas steet: «Mir hunn iech operluecht, vum Alter vun der Maturitéit (15 Joer) aus un, ze bieden an ze faaschten. Dat ass vu Gott, ärem Här an dem Här vun äre Virfare bestëmmt... . Deen, dee reest oder krank ass, Fraen, déi schwanger sinn oder déi nieren, brauchen net ze faaschten. Enthaalt iech dem Iessen an dem Drénken, vu Sonnenopgang bis Sonnenënnergang a passt op, dass Loscht iech net vun där Gnod ofhält, déi am Buch bestëmmt ass.»

O mäi Gott, bei Dengem mächtegen Zeechen a bei der Offenbarung vun Denger Gnod ënner de Mënschen, bieden ech Dech, weis mech net of vun der Paart an d‘Stad vun Denger Präsenz, an enttäusch meng Hoffnungen net, déi ech an d’Manifestatioune vun Denger Gnod ënner Denge Kreature gesat hunn. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Denger séisster Stëmm an Dengem héchste Wuert: Zéi mech ëmmer méi no zur Schwell vun Denger Dier an hal mech net wäit ewech vum Schiet vun Dengem Erbaarmen a vum Baldachin vun Denger Generositéit. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Glanz vun Denger heller Stier an dem stralende Liicht vun Dengem Ubléck, dat vum héchsten Horizont schéngt: Zéi mech un duerch den Doft vun Dengem Kleed a looss mech drénke vum auserliesene Wäi vun Denger Ried. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Dengem Hoer, dat sech iwwer Däi Gesiicht beweegt, sou wéi Deng héchste Fieder iwwer d’Säite vun Dengen Tafele geet, an de Moschusdoft vu verbuerge Bedeitungen iwwer d’Räich vun Denger Schëpfung verbreet, erhief mech Denger Saach esou ze déngen, dass ech net zeréckfalen an net vun den Uspillunge vun deene gehënnert ginn, déi Deng Zeechen a Fro stellen, a sech vun Dengem Ubléck ewechdréien. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Dengem Numm, deen s Du zum Kinnek vun den Nimm gemaach hues, an duerch deen all déi verzaubert sinn, déi am Himmel an op der Äerd sinn: Maach mech fäeg, d’Sonn vun Denger Schéinheet ze kucken a versuerg mech mam Wäi vun Denger Ried. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Kinnekszelt vun Denger Majestéit op den héchste Spëtzten a beim Baldachin vun Denger Offenbarung op den héchsten Héichten: Hëllef mir mat Denger Gnod dat ze maachen, wat Däi Wëlle begiert an Deng Absicht offenbaart. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Denger Schéinheet, déi héich iwwerem Horizont vun der Éiwegkeet straalt, enger Schéinheet, virun där, sou bal si sech offenbaart huet, d’Räich vun der Schéinheet sech an Ubiedung verneigt a si a schalenden Téin lueft: Gëff, dass ech alles opginn, wat ech besëtzen an nëmme fir dat liewen, wat Däint ass. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei der Offenbarung vun Dengem Numm, Deen, dee jiddweree gär huet, duerch deen d’Häerzer vun deenen, déi frou mat Dir sinn, sech opzieren an d’Séile vun all deenen, déi op der Äerd wunnen, sech erhiewen: Hëllef mir, Denger ze gedenken ënner Denge Kreaturen, an Dech ze luewen an Dengem Vollek. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Dausche vum gëttleche Bam an dem Pëspere vum duusse Wand vun Denge Wierder am Kinnekräich vun Dengen Nimm: Hal mech ewech vun allem, wat Däi Wëllen haasst, an zéi mech un zur Stuf, vun där Hien, deen de Muere vun Dengen Zeechen ass, erstraalt. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Buschtaf, duerch deen, soubal en aus dem Mond vun Dengem Wëllen erauskoum, d’Ozeaner opgewullt goufen, de Wand geblosen huet, d’Friichte sech offenbaart hunn, d’Beem ausgeschloen hunn, all fréier Spuren ausgeläscht an all Schleier zerrass goufen, an déi, déi sech Dir widmen, sech fläissen, zum Liicht vum Ubléck vun hirem Här, dem Onofhängegen, ze kommen: Looss mech erkennen, wat an de Schäz vun Denger Erkenntnes verbuerge läit an an de Späichere vun Denger Wäisheet verstoppt ass. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Feier vun Denger Léift, dat Dengen Auserwielten an deenen, déi s Du gär hues, de Schlof aus den Ae gedriwwen huet, a bei hirem Gedenken a Luef un Dech zur Moiesstonn: Ziel mech zu deenen, déi erreecht hunn, wat s Du an Dengem Buch erofgeschéckt hues an duerch Däi Wëllen offenbaart hues. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Liicht vun Dengem Ubléck, dat déi, déi Dir nostinn, virun d’Feiler vun Denger Veruerdnung gedriwwen huet, an déi, déi Dir ergi sinn, op Dengem Pad de Schwäerter vun Denge Feinden trotze gelooss huet: Schreif nidder fir mech mat Denger héchster Fieder, wat s Du fir Deng Vertrauten an Deng Auserwielten niddergeschriwwen hues. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Dengem Numm, duerch deen s Du op de Ruff vun deene lauschters, déi Dech gär hunn, op d’Schlackserte vun deenen, déi no Dir verlaangeren, op de Kreesch vun deenen, déi sech freeën, no bei Dir ze sinn, op d’Gejéimers vun deenen, déi Dir ergi sinn, an, duerch deen s Du d’Wënsch vun deenen erfëlls, déi hir Hoffnung op Dech setzen, an hir Verlaangeren erfëlls, duerch Deng Gnod an Deng Gonscht, a bei Dengem Numm, duerch deen d’Mier vun der Verzeiung sech virun Dengem Ubléck opdeet, an d’Wolleke vun Denger Generositéit op Deng Dénger erofreenen: Schreif néier fir jiddwereen, dee sech Dir zoudréit an dat virgeschriwwent Faaschten anhält, d’Belounung, bestëmmt fir déi, déi net schwätzen ausser mat Denger Erlabnes an déi op Dengem Pad aus Léift zu Dir op alles verzicht hunn, wat hinne gehéiert huet.

Ech bieden Dech, o mäin Här, bei Dir a bei Dengen Zeechen, a bei Dengen däitleche Beweiser, an dem stralende Sonneliicht vun Denger Schéinheet a bei Dengen Äscht: Läsch d’Sënne vun deenen, déi sech fest un Deng Gesetzer halen an dat beuechten, wat s Du hinnen an Dengem Buch virgeschriwwen hues. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

#14301
- Bahá'u'lláh

 

O Gott! Esou wéi ech mech vu kierperleche Wënsch enthalen a mech net mat Iessen an Drénken ofginn, genee esou maach Du mäin Häerz a mäi Liewe reng a gehellegt vun allem ausser Denger Léift, a verdeedeg a beschütz meng Séil vun egoistescher Leidenschaft an déiereschem Begieren, fir dass mäi Geescht sech mam Doft vum Hellege verbënnt, a faascht vum Ernimme vun allem ausser Dir.

#14302
- `Abdu'l-Bahá

 

Huqúq’ulláh - D’Recht vu Gott

Verherrlecht bass Du, o Här vun der ganzer Schëpfung, deen Een, deem sech alles zouwenne muss. Am Geescht an a Wierder bezeien ech, dass Du Dech manifestéiert an offenbaart hues, dass Du Deng Zeechen erofgeschéckt, an Deng Beweiser verkënnegt hues. Ech bezeien, dass Du onofhängeg bass vun allem ausser Dir a gehellegt iwwer alles Ierdesches. Ech bieden Dech bei der transzendenter Herrlechkeet vun Denger Saach an der héchster Muecht vun Dengem Wuert: Bestäteg deem, dee gi wëll, wat s Du him an Dengem Buch virgeschriwwen hues, an dee beuechte wëll, wat den Doft vun Denger Zoustëmmung verbreet. Du bass wierklech den Allmächtegen, den Allgnädegen, den Allverzeienden, de Ganzgeneréisen.

#14303
- Bahá'u'lláh

 

Naw-Rúz

Naw-Rúz, den 20. oder 21. Mäerz, den éischten Dag vum Bahá’í Joer.

Gelueft bass Du, o mäi Gott, dass Du Naw-Rúz deenen zum Fest bestëmmt hues, déi d’Faaschten aus Léift zu Dir agehal hunn a sech allem enthal hunn, wat s Du haass. Erlab, o mäi Gott, dass d’Feier vun Denger Léift an d’Hëtzt, déi sech aus deem vun Dir bestëmmte Faaschten entwéckelt, si an Denger Saach entflamen, an dass si sech doduerch Dengem Luef an Dengem Gedenken higinn.

O mäin Här, Du hues si mam Ornament vum Faaschten, wat s Du virschreifs, beschenkt; dofir verschéiner Du si och, duerch Deng Gnod a generéis Gonscht, mam Ornament vun Denger Akzeptanz. Well d’Dote vun de Mënschen hänken all vun Dengem gudde Wëllen of, a gi vun Denge Geboter bestëmmt. Géifs Du Deen, deen d’Faaschte gebrach huet, als een ugesinn, deen et agehal huet, da géif esou e Mënsch zu deene gezielt ginn, déi zënter aller Éiwegkeet d’Faaschten agehal hunn. A géifs Du bestëmmen, dass een, deen d’Faaschten agehal huet, et gebrach hätt, sou géif déi Persoun zu deene gezielt ginn, déi d’Kleed vun Denger Offenbarung mat Stëbs beknascht hunn a wäit ewech si vum kristallklore Waasser vun dëser Liewensquell.

Duerch Dech gouf de Banner «Gelueft bass Du an Denge Wierker» erhuewen an de Fändel «Gefollegt gëtt Dir an Dengem Gebot» auserneegefaalt. O mäi Gott, maach Dengen Dénger Däi Rang bekannt, fir dass hinne bewosst gëtt, dass dat Bescht an allem vun Dengem Befeel an Dengem Wuert ofhänkt, an dass de Wäert vun all Dot bestëmmt ass duerch dat, wat s Du erlaabs a wat dengem Wëlle gefält, an dass si erkennen, dass d’Zigel vun all deem, wat de Mënsch mécht, fest am Grëff vun Denger Akzeptanz an Dengem Uerder leien. Looss si dat wëssen, fir dass guer näischt si vun Denger Schéinheet ausschléisse kann, an dësen Deeg, wou Christus verkënnegt: «All Herrschaft ass Deng, o Du Papp vum Geescht (Jesus)» ; an Däi Frënd (Mohammed) ausrifft: «Gelueft bass Du, o Du, dee jiddweree gär huet, well Du hues Deng Schéinheet opgedeckt, a fir Deng Auserwielten dat niddergeschriwwen, wat si zum Troun vun der Offenbarung vun Dengem Gréissten Numm leet, engem Numm, deen d’Mënsche jéimeren deet, ausser déi, déi sech vun allem ausser Dir lassgeléist hunn, a sech Him, dem Offenbarer vun Dir selwer an der Manifestatioun vun Dengen Eegenschaften, zougedréit hunn.»

O mäin Här, deen, deen Däin Aascht ass an all déi ronderëm Dech sinn, hunn haut mat Faaschten opgehal, no deem si an hirem Äifer, Dir ze gefalen, et am Beräich vun Dengem Haff agehal hunn. Bestëmm Du fir hien, a fir si, a fir all déi, déi an dësen Deeg an Deng Géigewaart koumen, all dat Gutt, dat s Du an Dengem Buch bestëmmt hues. Gëff hinnen dann, wat hinne souwuel an dësem Liewen an am Liewen duerno nëtzt.

Du bass wierklech den Allwëssenden, den Allweisen.

#14304
- Bahá'u'lláh

 

Versammlung

Kommt zesummen a gréisster Freed a sot dëst Gebiet am Ufank vun der Versammlung:

O Du Här vum Kinnekräich! Och wann eis Kierperen hei zesumme versammelt sinn, ginn eis faszinéiert Häerzer awer vun Denger Léift fortgedroen, a mir si verzaubert vun de Strale vun Dengem herrlechen Ubléck. Och wa mir schwaach sinn, waarde mir op d’Offenbarunge vun Denger Muecht a Stäerkt. Och wa mir aarm, ouni Gidder a Mëttelen sinn, huele mir awer Räichtemer aus de Schätz vun Dengem Räich. Och wa mir Drëpse sinn, huele mir awer Kraaft aus den Déifte vun Dengem Mier. Och wa mir Stëbskäre sinn, glënnere mir awer an der Pruecht vun Denger herrlecher Sonn.

O Du, deen s Du eis versuergs! Schéck eis Deng Hëllef erof, fir dass jiddwereen, deen hei versammelt ass, wéi eng liichtend Käerz gëtt, en Unzéiungspunkt, e Buet zu Dengen himmlesche Räicher, bis dass mir schliisslech dës Welt hei ënnen zum Spigelbild vun Dengem Paradis maachen.

#14305
- `Abdu'l-Bahá

 

Hien ass den Allherrlechen.

O mäin Här, mäi Kinnek, mäin Herrscher, a mäi Souverän. Ech riichte mech un Dech mat menger Zong, mengem Häerz, a menger Séil a soen: Kleed Däin Dénger mam Mantel vun Denger Suerg, dem Gewand vun Denger onfeelbarer Hëllef, an der Rüstung vun Dengem Schutz. Stéi him bäi, Dech ze ernimmen an Deng Dugenden ënner Dengem Vollek ze luewen, a léis seng Zong, fir dass hien Deng Herrlechkeet an Däi Luef an all Versammlung séngt, déi zur Feier vun Denger Eenheet an Hellegkeet gehal gëtt. Du bass a Wierklechkeet de Mächtegen, de Staarken, den Allherrlechen, Deen, deen duerch sech selwer ass.

#14306
- `Abdu'l-Bahá

 

O mäi léiwen Här, o Du, de Wonsch vu mengem Häerz a menger Séil!

Schenk Denge Frënn Deng Léift a Guttheet, a gewär hinnen Deng onfeelbar Baarmhäerzegkeet. Sief Du en Trouscht fir déi, déi Dech vu ganzem Häerz gär hunn, an e Frënd, en Tréischter, e léiwe Begleeder fir déi, déi no Dir verlaangeren. Hir Häerzer brenne mam Feier vun Denger Léift an hir Séile gi vun der Flam vun der Zouwendung zu Dir verziert. Si verlaangeren alleguer, fir séier un den Altor vun der Léift ze kommen, an esou fräwëlleg hiert Liewen ze loossen.

O gëttlech Vorseeung! Gewär hinnen Deng Gonscht, féier si op de richtege Wee, hëllef hinne gnädeg, geeschtegen Triumph ze erreechen an iwwerschëtt si mat himmlesche Geschenker. O Här, stéi hinne bäi mat Denger Mëtschgiewegkeet a Gnod a maach hir stralend Gesiichter zu Luuchte vun der Féierung an de Versammlungen, déi Dengem Wësse gewidmet sinn an Zeeche vun himmlescher Generositéit bei Treffen, wou Deng Verse virgedroe ginn. Du bass, wierklech, de Baarmhäerzegen, de Ganzgeneréisen, Deen, dee jiddwer Mënsch ëm Hëllef biet.

#14307
- `Abdu'l-Bahá

 

Tablets

Besuchstablett, ‘Abdu’l‑Bahá

Dës Tablett, dat ‘ABDU’L-BAHÁ offenbaart huet, gëtt a Sengem Schräin gelies. Et gëtt och als privat Gebiet benotzt. Wien och ëmmer dëst Gebiet mat Bescheidenheet an Äifer virliest, bréngt dem Häerz vun dësem Dénger Freed a Gléck; et ass esou wéi wann hien Him géing perséinlech begéinen.

Hien ass den Allherrlechen!

O Gott, mäi Gott! Damiddeg a mat Tréinen an den Aen erhiewen ech meng biedend Hänn zu Dir a bedecke mäi Gesiicht am Stëbs vun Denger Schwell, erhuewen iwwer d’Wësse vun de Geléierten an dem Luef vun all deenen, déi Dech verherrlechen. Kuck gnädeg a mam A vum Erbaarmen op Däin Dénger, deen einfach a bescheiden un Denger Dier steet, an dauch hien an d’Mier vun Denger éiweger Gnod an.

Här! Hien ass en aarmen a bescheidenen Dénger vun Dir, dee bezaubert ass vun Dir, Dech vu ganzem Häerze biet, deen, gefaangen an Denger Hand, mat Äifer zu Dir biet, deen Dir vertraut, an an Tréinen opgeléist virun Dengem Ubléck zu Dir rifft, Dech ubiedelt a seet:

O Här, mäi Gott! Gëff mir Deng Gnod fir deenen ze déngen, déi s Du gär hues, stäerk meng Fäegkeet Dir ze déngen, erliicht meng Stier mat der Luucht vun der Ubiedung an Dengem Haff vun der Hellegkeet a vum Gebiet zu Dengem Räich vun der Gréisst. Hëllef mir net u mech selwer ze denken am himmleschen Agang vun Denger Paart, an hëllef mir, lassgeléist ze si vun alle Saachen an Dengen hellege Raim. Här! Gëff mir ze drénken aus dem Kielech vum Verzicht; do mech u mat Sengem Kleed, an dauch mech a Säi Mier an. Maach mech zu Stëbs um Pad vun deenen, déi s Du gär hues, a gëff, dass ech meng Séil kann hiergi fir d’Äerd, déi duerch d‘Foussspuere vun Dengen Auserwielten op Dengem Pad geadelt ass, o Här vun der Herrlechkeet an der héchster Héicht.

Mat dësem Gebiet rifft Däin Dénger Dech, wann et Dag gëtt an an der Nuecht. Erfëll säin Häerzenswonsch, o Här! Erliicht säin Häerz, erfree seng Broscht, fänk säi Liicht un, fir dass hien Denger Saach an Dengen Dénger notze kann.

Du bass Deen, dee schenkt, de Matleedvollen, de Generéisten, de Gnädegen, de Baarmhäerzegen, de Matfillenden.

#14310
- `Abdu'l-Bahá

 

Besuchstablett, Bahá’u’lláh an de Báb

Dës Tablett gëtt an de Schräiner vum BAHÁ’U’LLÁH a vum Báb gelies. Et gëtt och dacks benotzt fir Hiren Doudesdeeg ze gedenken.

De Luef, deen aus Dengem héchsterhuewene Wiesen ervirgeet, an d’Herrlechkeet, déi aus Denger stralender Schéinheet schéngt, rouen op Dir, o Du, deen s Du d’Offenbarung vun der Gréisst bass, de Kinnek vun der Éiwegkeet, an den Här iwwer all, déi am Himmel an op der Äerd sinn. Ech bezeien, dass duerch Dech d‘Herrschaft vu Gott a Säi Räich an d’Majestéit vu Gott a Seng Gréisst offenbaart sinn, an d’Sonne vun uréiweger Pracht hire Glanz op den Himmel vun Denger onwidderruflecher Veruerdnung stralen an d’Schéinheet vum Onsichtbaren iwwerem Horizont vun der Schëpfung schéngt. Ech bezeien ausserdeem, dass mat enger eenzeger Beweegung vun Denger Fieder Däi Gebot “Sief!” a Kraaft gesat, Gottes verbuergent Geheimnis opgedeckt an alles Erschafent an d’Liewe geruff an all d‘Offenbarungen erofgeschéckt sinn.

Ausserdeem bezeien ech, dass duerch Deng Schéinheet d’Schéinheet vum Ugebieten entschleiert gëtt, dass aus Dengem Gesiicht d’Gesiicht vun Deem, no deem mir verlaangeren, erschéngt an dass Du duerch ee Wuert vun Dir tëschent allem Erschafenen entscheets, wouduerch déi, déi Dir ergi sinn, zur héchster Herrlechkeet eropkommen, an déi Ongleeweg an den déifsten Ofgrond falen.

Ech bezeien: Wien Dech erkennt, erkennt Gott, wien an Deng Präsenz kënnt, erreecht Gottes Präsenz. Grouss ass dofir d’Séilegkeet vun deem, deen un Dech an Deng Zeeche gleeft an deen damiddeg virun Denger Herrschaft knéit an deen d’Éier huet, Dir ze begéinen, deen et erreecht, Dengem Wëllen ze gefalen, deen Dech ëmkreest a virun Dengem Troun steet. Ongléck deem, deen Dir géintiwwer sënnegt, deen Dech verleegent an Deng Zeeche verwërft, an Deng Herrschaft bestreit, a sech géint Dech erhieft a stolz ginn ass virun Dengem Ubléck, Deng Beweiser a Fro stellt, an dee virun Denger Uerdnung an Herrschaft fortleeft an zu den Ongleewege gehéiert, deenen hir Nimm vun de Fangere vun Dengem Uerder op Deng helleg Tafele geschriwwe sinn.

O mäi Gott an Deen, deen ech gär hunn, blos dann op mech, aus der rietser Hand vun Dengem Erbaarmen an Denger Gnod, den hellegen Otem vun Denger Gonscht, fir dass e mech vu mir selwer a vun der Welt fortzitt, hinn zum Haff no bei Dir an zu Denger Präsenz. Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält. Du stees wierklech iwwer allem.

D’Gedenke Gottes a Säi Luef, d’Herrlechkeet Gottes a Säi Glanz rouen op Dir, o Du, deen s Du Seng Schéinheet bass! Ech bezeien, dass d’A vun der Schëpfung nach ni op en Ënnerdréckte wéi s Du gekuckt huet. Däi ganzt Liewe waars Du an e Mier vu Leed gedaucht. Eemol louchs Du a Ketten a Fesselen, eng aner Kéier waars Du vum Schwäert vun Denge Feinde bedrot. An awer, trotz all deem, hues Du alle Mënschen zur Flicht gemaach, dat ze befollegen, wat Dir vun Him, dem Allwëssenden, dem Allweisen, virgeschriwwe gouf.

Looss mäi Geescht en Affer sinn, fir d’Onrecht, dat s Du erlidden hues, a meng Séil e Léisegeld, fir all d’Onglécker, déi s Du erdroen hues. Ech biede Gott, bei Dir a bei deenen, deenen hiert Gesiicht mam Glanz vun der Luucht vun Denger Präsenz erliicht gëtt, an déi aus Léift zu Dir alles befollegt hunn zu deem si opgeruff goufen, huel d’Schleier ewech, déi sech tëschent Dech an Deng Kreature leeën, a gëff mir dat Gutt vun dëser Welt an der Welt, déi kënnt. Du bass a Wierklechkeet den Allmächtegen, den Héchtserhuewenen, den Allherrlechen, den Ëmmerverzeienden, de Matleedvollsten.

Seen Du, o Här mäi Gott, de gëttleche Bam a seng Blieder a seng Äscht a seng Zweiger a seng Stiller a seng Schëtz, soulaang Deng héchst erhuewen Titelen daueren. Beschütz en da virun der Däiwlerei vum Ugräifer an den Arméie vun der Tyrannei. Du bass a Wierklechkeet, den Allmächtegen, de Gewaltegsten. Seen Du och, o Här mäi Gott, Deng Dénger an Deng Déngerinnen, déi bei Dech komm sinn. Du bass wierklech den Allbaarmhäerzegen, deem Seng Gnod onendlech ass. Et gëtt kee Gott ausser Dir, dem Ëmmerverzeienden, dem Generéisten.

#14309
- Bahá'u'lláh

 

Tablett un den Ahmad

Déi deeglech virgeschriwwe Gebieder, zesumme mat e puer aner spezifesche Gebieder, wéi d’Heelungsgebiet, d’Tablett un den Ahmad, krute vu BAHÁ’U’LLÁH eng besonnesch Kraaft a Bedeitung. Sou sollte si ugeholl ginn. Déi Gleeweg sollte si mat festem Glawen a Vertraue liesen, dass si duerch dës Gebieder an eng vill méi enk Verbindung mat Gott kommen a sech nach méi mat Senge Gesetzer a Geboter identifizéiere kënnen. SHOGHI EFFENDI

Tablett un den Ahmad

Hien ass de Kinnek, den Allwëssenden, de Weisen!

Héier, d’Nuechtegailche vum Paradis séngt an den Äscht vum Bam vun der Éiwegkeet, mat hellegen a séisse Melodien, verkënnegt den Opriichtegen déi gutt Noriicht dass Gott nobäi ass, rifft déi, déi un d’gëttlech Eenegkeet gleewen, un den Haff an d’Géigewaart vum Generéisen, bréngt de Lassgeléisten d’Botschaft, déi vu Gott, dem Kinnek, dem Herrlechen, dem Onvergläichlechen offenbaart gouf, a leet déi Verléift zum Troun vun der Hellegkeet an zu dëser stralender Schéinheet.

A Wierklechkeet ass dëst déi allergréisst Schéinheet, déi an de Bicher vun de Gottesbueten virausgesot gouf. Duerch Si gëtt d’Wourecht vum Iertum ënnerscheet an d’Wäisheet vun all Gebot gepréift. A Wierklechkeet, ass Hien de Bam vum Liewen, deen d’Friichte vu Gott, den Allerhéchsten, de Mächtegen, de Gréissten, ervirbréngt.

O Ahmad, bezei du, dass Hie wierklech Gott ass, an dass et kee Gott gëtt ausser Him, de Kinnek, de Beschützer, den Onvergläichlechen, den Allmächtegen, an dass Deen, deen Hie virausgeschéckt huet mam Numm ‘Alí*, dee wierklech vu Gott war, un deem Senge Geboter mir eis all halen.

So: O dir Mënschen, follegt de Geboter vu Gott, déi iech am Báyan vum Herrlechen, dem Weisen, operluecht goufen. Wierklech, Hien ass de Kinnek vun de Buete vu Gott, a Säi Buch ass d’Mammebuch, wann dir et nëmme wéisst!

Esou erhieft d’Nuechtegailchen Hire Ruff un iech aus dësem Prisong. Nëmmen dës däitlech Noriicht huet Si ze iwwerdroen. Wien och ëmmer wënscht, dee soll sech vun dësem Rotschlo ewechdréien a wien och ëmmer wënscht, looss hien de Wee vu sengem Här wielen.

O dir Mënschen, wann dir dës Verse verleegent, op wéi ee Bewäis hi gleeft dir dann u Gott? Bréngt de Beweis, o Hickecht vun de Falschen!

Nee, bei Deem, an deem Senger Hand meng Séil ass, si kënnen et net a wäerten et nimools kënnen, souguer wa si sech sollten zesummendinn, fir een deem aneren ze hëllefen.

O Ahmad! Vergiess net Meng Geschenker wärend ech net do sinn. Erënner dech Menger wärend dengen Deeg, a Menger Nout a Verbannung an dësem ofgeleeëne Prisong. A sief esou standhaft a Menger Léift, dass däin Häerz net ziddert, souguer wann d’Schwäerter vun de Feinden hir Schléi op dech reene loossen an all d’Himmelen an d’Äerd sech géint dech erhiewen.

Sief esou wéi eng Feierflam fir Meng Feinden an e Floss vun éiwegem Liewe fir déi, déi Mech gär hunn, a gehéier net zu deenen, déi zweiwelen.

A wann dech Leed op Mengem Wee oder Erniddregung wéinst Menger befält, sou suerg dech net.

Vertrau Gott, dengem Gott an dem Här vun denge Pappen. Well d’Leit veriere sech op de Weeër vun der Illusioun, onfäeg Gott mat hiren eegenen Aen ze gesinn oder Seng Melodie mat hiren eegenen Oueren ze héieren. Sou hu Mir si fonnt, wéi s du et och bezeis.

Sou ass hiren Awerglawen zu Schleier ginn tëschent hinnen an hiren eegenen Häerzer, an huet si ewechgehale vum Wee vu Gott, dem Erhuewenen, dem Groussen.

Sief der dees gewëss, dass a Wierklechkeet, deen, dee sech vun dëser Schéinheet ewechdréit, sech och vun de Buete vun der Vergaangenheet ewechgedréit huet a Gott géintiwwer Stolz weist, vun Éiwegkeet zu Éiwegkeet.

Léier dës Tablett gutt, o Ahmad. Sang et wärend dengen Deeg an enthal dech net dovun. Well a Wierklechkeet huet Gott fir deen, deen et séngt, de Loun fir honnert Märtyrer an en Déngscht a béide Welte bestëmmt. Déi Gonscht hu Mir dir erwisen als en Zeeche vun Eiser Generositéit an Erbaarme vun Eiser Präsenz, fir dass du zu deene gehéiers, déi dankbar sinn.

Bei Gott! Sollt een, dee Misär oder Suergen huet, dës Tablett mat absolutter Éierlechkeet liesen, sou wäert Gott seng Trauer verdreiwen, seng Schwieregkeete léisen a säi Leed ewechhuelen.

A Wierklechkeet, ass Hien de Baarmhäerzegen, de Matleedvollen. Gelueft sief Gott, den Här vun alle Welten.

DE BÁB

#14308
- Bahá'u'lláh