Hien ass Gott.
O du, deen an Ubiedung ronderëm de Punkt kreest, ëm deen d’Awunner vum allerhéchste Paradis kreesen. Hief du deng Hänn an Dankbarkeet un der Schwell vum eenzeg wierkleche Gott a so: O Du, héchst Bestriewe vu jidderengem, deen Dech leidenschaftlech gär huet! O Du, de Guide vun all verierter Séil! Du hues dëse schwaachen Dénger mat Dengen onendleche Seege begënschtegt an dësen Onglécklechen an Niddregen zur Schwell vun Denger Eenheet gefouert. Du hues dësen ausgedréchente Lëpsen d‘liewegt Waasser vun Denger Léift a Guttheet gereecht an dës midd a wieleg Séil mam Wand vu gëttlecher Baarmhäerzegkeet erëm belieft. Ech soen Dir Merci, dass Du mir eng voll Portioun vun Denger gnädegster Gonscht geschenkt hues a mir d‘Éier ginn hues, Deng helleg Schwell ze erreechen. Ech bieden ëm en onendlechen Undeel vun de Räichtemer vun Dengem Kinnekräich do uewen. Bewëlleg Däi Bäistand. Schenk Deng gnädeg Gonscht.
- `Abdu'l-Bahá