Bahá'í Prayers

Lëtzebuergesch : Lassléisung

Permanent Link

 

Ech weess net, o mäi Gott, wat d’Feier ass, dat s Du an Dengem Land ugefaangen hues. D’Äerd ka säi Glanz nimools verdonkelen an d’Waasser seng Flam net läschen. Kee Vollek op der Welt ka senger Kraaft widderstoen. Gléckséileg ass deen, deen him nokënnt a säin Dauschen héiert.

E puer vun hinnen, o mäi Gott, hues Du et duerch Deng stäerkend Gnod erméiglecht, Dengem Feier méi no ze kommen, wärend s Du aner zeréckgehal hues, wéinst den Doten, déi hir Hänn an Dengen Deeg begaangen hunn. Wien ëmmer him nokënnt an et erreecht, am brennende Verlaangen, Deng Schéinheet ze kucken, gëtt säi Liewen hir op Dengem Pad a kënnt zu Dir erop, ganz lassgeléist vun allem ausser Dir.

Ech bieden Dech, o mäin Här, bei dësem Feier, dat an der Welt vun der Schëpfung flaamt a roost, zerräiss d’Schleier, déi mech hënneren, virum Troun vun Denger Majestéit ze erschéngen a beim Agang vun Denger Paart ze stoen. Bestëmm Du fir mech, o mäin Här, all Guddes, dat s Du an Dengem Buch erofgeschéckt hues, a looss net zou, dass ech wäit ewechbleiwe vum Schutz vun Dengem Erbaarmen.

Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält. Du bass wierklech den Allmächtegen, de Generéisten.

 

Permanent Link

 

O gëttlech Vorseeung!

Erwäch mech a maach mech bewosst. Looss mech lassgeléist si vun allem ausser Dir a fessel mech mat der Léift fir Deng Schéinheet. Hauch mir den Otem vum hellege Geescht an a looss mech nom Ruff vum Kinnekräich vun Abhá lauschteren. Schenk mir himmlesch Kraaft a fänk d’Luucht vum Geescht an der bannenzegster Kummer vu mengem Häerz un. Maach mech lass vun all Fessel a befrei mech vun all Bindung, fir datt ech no näischt anerem verlaangeren, wéi Dir ze gefalen, näischt sichen nieft Dengem Ubléck a kengem anere Wee noginn wéi Dengem Wee. Maach, datt ech déi Zerstreet dozou féieren, opmierksam ze ginn an déi Schlofend ze erwächen, datt ech d’Waasser vum Liewen deene reechen, déi erdiischtert sinn a gëttlech Heelung deene bréngen, déi krank sinn a leiden.

Och wann ech kleng, erniddregt an aarm sinn, sou bass Du awer mäi sécheren Hafen a mäin Ënnerdaach, mäin Ënnerstëtzer an Deen, dee mir hëlleft. Schéck Deng Hëllef esou erof datt jidderee staunt. O Gott! Du bass wierklech, den Allmächtegen, de Stäerksten, Deen dee gëtt, dee versuergt an deen alles gesäit.

 

Permanent Link

 

O Du onvergläichlechen Här, dee gär huet!

Och wann et u Fäegkeet a Begabung feelt, an et onendlech schwéier ass, dem Leed ze widderstoen, si Begabung a Fäegkeet awer Geschenker, déi s Du eis gëss. O Här! Gëff eis Fäegkeet a maach eis würdeg, fir datt mir eis als äusserst standhaft erweisen, dëser Welt an all hire Mënschen entsoen, d’Feier vun Denger Léift umaachen an esou wéi Käerzen, hell mat opzierender Flam brennen an eise stralende Glanz verbreeden.

O Här vum Kinnekräich! Erléis eis vun dëser Welt vun eidelen Abildungen a féier eis an d’Räich vun der Onendlechkeet. Maach eis ganz fräi vun dësem niddrege Liewen a looss eis geseent si mat de räiche Geschenker vum Kinnekräich. Befrei eis vun dëser Welt vum Näischt, déi just den Uschäin vun der Realitéit huet, a gëff eis éiwegt Liewen. Schenk eis Freed a Pleséier, a gënn eis Frousinn an Zefriddenheet. Tréischt eis Häerzer a gëff eise Séile Fridden a Rou, sou datt, wa mir an Däi Räich eropkommen, mir Deng Presenz erreechen an eis an de Räicher do uewe glécklech fillen. Du bass Deen, dee gëtt, de Schenkenden, den Allmächtegen!

 

Permanent Link

 

O Du gudden Här!

Rengeg mäin Häerz vun all Unhänglechkeet, an erfree meng Séil mat frouen Noriichten. Befrei mech vun all Bindung u Frënd wéi u Friemen, fessel mech mat Denger Léift, sou dass ech mech Dir voll a ganz kann higinn an erfëllt si mat feiereger Extas; sou dass ech keen anere begieren ausser Dir, keen anere sichen ausser Dir, keen anere Pad triede wéi Däin an nëmme kommunizéiere mat Dir; sou dass ech, enger Nuechtigailche gläich, verzaubert si vun Denger Léift an Dag an Nuecht keimen a jéimeren, kräischen a jäizen «Yá Bahá’u’l-Abhá!»

 

Windows / Mac