*Naw-Rúz, den 20. oder 21. Mäerz, den éischten Dag vum Bahá’í Joer.
Gelueft bass Du, o mäi Gott, dass Du Naw-Rúz deenen zum Fest bestëmmt hues, déi d’Faaschten aus Léift zu Dir agehal hunn a sech allem enthal hunn, wat s Du haass. Erlab, o mäi Gott, dass d’Feier vun Denger Léift an d’Hëtzt, déi sech aus deem vun Dir bestëmmte Faaschten entwéckelt, si an Denger Saach entflamen, an dass si sech doduerch Dengem Luef an Dengem Gedenken higinn.
O mäin Här, Du hues si mam Ornament vum Faaschten, wat s Du virschreifs, beschenkt; dofir verschéiner Du si och, duerch Deng Gnod a generéis Gonscht, mam Ornament vun Denger Akzeptanz. Well d’Dote vun de Mënschen hänken all vun Dengem gudde Wëllen of, a gi vun Denge Geboter bestëmmt. Géifs Du Deen, deen d’Faaschte gebrach huet, als een ugesinn, deen et agehal huet, da géif esou e Mënsch zu deene gezielt ginn, déi zënter aller Éiwegkeet d’Faaschten agehal hunn. A géifs Du bestëmmen, dass een, deen d’Faaschten agehal huet, et gebrach hätt, sou géif déi Persoun zu deene gezielt ginn, déi d’Kleed vun Denger Offenbarung mat Stëbs beknascht hunn a wäit ewech si vum kristallklore Waasser vun dëser Liewensquell.
Duerch Dech gouf de Banner «Gelueft bass Du an Denge Wierker» erhuewen an de Fändel «Gefollegt gëtt Dir an Dengem Gebot» auserneegefaalt. O mäi Gott, maach Dengen Dénger Däi Rang bekannt, fir dass hinne bewosst gëtt, dass dat Bescht an allem vun Dengem Befeel an Dengem Wuert ofhänkt, an dass de Wäert vun all Dot bestëmmt ass duerch dat, wat s Du erlaabs a wat dengem Wëlle gefält, an dass si erkennen, dass d’Zigel vun all deem, wat de Mënsch mécht, fest am Grëff vun Denger Akzeptanz an Dengem Uerder leien. Looss si dat wëssen, fir dass guer näischt si vun Denger Schéinheet ausschléisse kann, an dësen Deeg, wou Christus verkënnegt: «All Herrschaft ass Deng, o Du Papp vum Geescht (Jesus)» ; an Däi Frënd (Mohammed) ausrifft: «Gelueft bass Du, o Du, dee jiddweree gär huet, well Du hues Deng Schéinheet opgedeckt, a fir Deng Auserwielten dat niddergeschriwwen, wat si zum Troun vun der Offenbarung vun Dengem Gréissten Numm leet, engem Numm, deen d’Mënsche jéimeren deet, ausser déi, déi sech vun allem ausser Dir lassgeléist hunn, a sech Him, dem Offenbarer vun Dir selwer an der Manifestatioun vun Dengen Eegenschaften, zougedréit hunn.»
O mäin Här, deen, deen Däin Aascht ass an all déi ronderëm Dech sinn, hunn haut mat Faaschten opgehal, no deem si an hirem Äifer, Dir ze gefalen, et am Beräich vun Dengem Haff agehal hunn. Bestëmm Du fir hien, a fir si, a fir all déi, déi an dësen Deeg an Deng Géigewaart koumen, all dat Gutt, dat s Du an Dengem Buch bestëmmt hues. Gëff hinnen dann, wat hinne souwuel an dësem Liewen an am Liewen duerno nëtzt.
Du bass wierklech den Allwëssenden, den Allweisen.
- Bahá'u'lláh