*Eemol a véieranzwanzeg Stonnen ze soen.
*Wien dëst Gebiet soe wëll, soll opstoen a sech zu Gott dréien, a wann en do steet, soll en no riets an no lénks kucken, wéi wann e waarde géif op d’Erbaarme vu sengem Här, dem Baarmhäerzegsten, Deem, dee Matleed huet. Da soll e soen
O Du, deen s Du den Här iwwer all Nimm an de Schëpfer vun den Himmele bass! Ech bieden Dech bei hinnen, déi d’Moiessonne vun Dengem onsichtbare Wiese sinn, dat héich iwwer allem steet, deem Allherrlechen, maach aus mengem Gebiet e Feier, dat d’Schleiere verbrennt, déi mech vun Denger Schéinheet getrennt hunn, an e Liicht, dat mech bei d’Mier vun Denger Präsenz féiert.
*Da soll en am Gebiet zu Gott - geseent a gelueft sief Hien d’Hänn erhiewen a soen:
O Du, no deem d’Welt verlaangert an deen d’Vëlker gär hunn! Du gesäis, wéi ech mech no Dir riichten, fräi vun all Unhänglechkeet un iergendeen ausser Dir, a wéi ech mech un Däi Seel klameren, duerch deem Seng Beweegung d’ganz Schëpfung opgerëselt gouf. Ech sinn Däin Dénger, o mäin Här, an de Jong vun Dengem Dénger. Kuck, wéi ech do stinn, bereet, Däi Wëllen an Däi Wonsch ze erfëllen, an näischt aneres begiere wéi dat, wat Dir gutt gefält. Ech bieden Dech beim Mier vun Denger Baarmhäerzegkeet an der Sonn vun Denger Gnod, géi mat Dengem Dénger ëm, wéi s Du wëlls a wéi et Dir gefält. Bei Denger Muecht, déi wäit iwwer all Wuert a Luef steet! Wat och ëmmer duerch Dech offenbaart gëtt, ass dat, wat mäin Häerz sech wënscht, a wat meng Séil gär huet. O Gott, mäi Gott! Kuck net op dat, wat ech hoffen a wat ech maachen, neen, kuck léiwer op Däi Wëllen, deen d’Himmelen an d’Äerd ëmschléisst. Bei Dengem Gréissten Numm, o Du Här vun allen Natiounen! Ech hunn nëmmen dat gewënscht, wat s Du gewënscht hues, an hunn nëmmen dat gär, wat s Du gär hues.
*Da soll e sech knéien, an iwwerdeems en d’Stier op de Buedem leet, soll e soen:
Héich stees Du iwwer der Beschreiwung vun iergendengem ausser Dir an dem Verstoe vun allem aneren ausser Dir.
*Da soll en opstoen a soen:
Maach aus mengem Gebiet, o mäin Här, eng Quell vu liewege Gewässer, duerch déi ech esou laang liewe ka wéi Deng Herrschaft dauert, an Dech an all Welt vun Denge Welten ernimme kann.
*Da soll en erëm d’Hänn am Gebiet an d’Luucht hiewen a soen:
O Du, duerch d’Trennung vun Deem Häerzer a Séile schmëlzen, an duerch d’Feier vun Deem Senger Léift déi ganz Welt sech entflaamt. Ech bieden Dech bei Dengem Numm, duerch deen s Du déi ganz Schëpfung ënnerworf hues, net dat vu mir ewechzehalen, wat bei Dir ass, o Du, deen s Du iwwer d’Mënschen all regéiers! Du gesäis, o mäin Här, wéi dëse Frieme sech fläisst um Wee fir a säin héchstent Heem, ënner dem Himmel vun Denger Majestéit an am Haff vun Denger Baarmhäerzegkeet, a wéi dëse Sënner d’Mier vun Dengem Verzeie sicht, an dësen Onbedeitenden den Haff vun Denger Herrlechkeet, an dës aarm Kreatur d’Moiessonn vun Dengem Räichtum. Dir steet et zou, all Uerder ze ginn, deen s Du wëlls. Ech bezeien, dass Du gelueft muss gi fir dat, wat s Du méchs, dass Dengem Uerder gefollegt muss ginn an dass Du fräi muss bleiwen an Dengem Uerder.
*Da soll en d’Hänn hiewen an dräimol de Gréissten Numm (Alláh’u’Abhá) widderhuelen. Da soll e sech viru Gott - geseent a gelueft sief Hien - vernäipen, d’Hänn op d’Knéie leeën, a soen:
Du gesäis, o mäi Gott, wéi mäi Geescht an all menge Glidder a Kierperdeeler opgewullt gouf a sengem Verlaangeren, Dech unzebieden, an a sengem Begieren, un Dech ze denken an Dech ze luewen; wéi en dat bezeit, wat d’Zong vun Dengem Uerder bezeit huet am Räich vun Denger Sprooch an am Himmel vun Dengem Wëssen. An dësem Zoustand, o mäin Här, géing ech Dech gär ëm alles bieden, wat bei Dir ass, fir kënne meng Aarmut ze weisen an Deng Mëtschgiewegkeet an Deng Räichtemer ze verherrlechen, a fir kënne meng Schwächt ze bekennen an Deng Kraaft an Deng Muecht ze manifestéieren.
*Da soll en opstoen, d’Hänn zweemol am Gebiet hiewen a soen:
Et gëtt kee Gott ausser Dir, dem Allmächtegen, dem Ganzgeneréisen. Et gëtt kee Gott ausser Dir, Deem, dee bestëmmt am Ufank wéi um Enn. O Gott, mäi Gott! Däi Verzeien huet mech kéng gemaach, an Deng Baarmhäerzegkeet huet mech gestäerkt, an Däi Ruff huet mech erwächt, an Deng Gnod huet mech opgeriicht an zu Dir gefouert. Wie sinn ech ouni dat, dass ech et woe géif, beim Agang vun der Stad no bei Dir ze stoen, oder mäi Gesiicht an d’Liicht ze halen, dat aus dem Himmel vun Dengem Wëlle schéngt? Du gesäis, o mäin Här, dës aarmséileg Kreatur un d’Dier vun Denger Gnod klappen, an dës vergänglech Séil de Floss vum éiwege Liewen aus den Hänn vun Denger Guttheet sichen. Du bass Deen, deen Uerdere gëtt zu allen Zäiten, o Du, Här vun allen Nimm, an ech sinn deen, dee sech Dir ergëtt a sech wëlleg ënner Däi Wëlle stellt, o Schëpfer vun den Himmelen!
*Da soll en d’Hänn dräimol hiewen a soen:
Gott ass méi grouss wéi all Groussen!
*Da soll e sech knéien, an iwwerdeems en d’Stier op de Buedem leet, soll e soen:
Ze héich bass Du, fir dass de Luef vun deenen, déi bei Dir sinn, den Himmel no bei Dir géing erreechen, oder fir dass d’Vigel vun den Häerzer vun deenen, déi Dir ergi sinn, zum Agang vun Denger Paart kéimen. Ech bezeien, dass Du gehellegt bass iwwer all Eegenschaften an helleg iwwer all Nimm. Et gëtt kee Gott ausser Dir, deem Allerhéchsten, deem Allherrlechen.
*Da soll e sech setzen a soen:
Ech sinn Zeie vun deem, wat all erschafe Saachen, d’himmlesch Versammlung, d’Awunner vum allerhéchste Paradis, an iwwer si eraus d’Zong vun der Gréisst selwer vum allherrlechen Horizont aus, bezeit hunn, dass Du Gott bass, dass et kee Gott gëtt ausser Dir, an dass Hien, deen offenbaart gouf, dat Verbuergent Geheimnis ass, dat geschätztend Zeechen, duerch dat d’Buschtawe S, I ,E an F (Sief) zesummebruecht a verbonne goufen. Ech bezeien, dass Hien et ass, deem Säin Numm duerch d’Fieder vum Héchsten opgeschriwwen an deen ernimmt gouf an de Bicher vu Gott, dem Här vum Troun do uewen an op der Äerd heinidden.
*Da soll e sech stellen a soen:
O Här vun allem, wat et gëtt, a Besëtzer vun alle Saachen, déi ee gesäit an déi een net gesäit! Du hëls meng Tréinen a mäi Keimen an Uecht, an Du héiers mäi Jéimeren, a mäi Kräischen, an d’Kloe vu mengem Häerz. Bei Denger Muecht! Meng Iwwertriedungen hu mech dru gehënnert, fir méi no bei Dech ze kommen; a meng Sënnen hu mech wäit ewechgehal vum Haff vun Denger Hellegkeet. Deng Léift, o mäin Här, huet mech beräichert, an d’Trennung vun Dir huet mech zerstéiert, a wäit ewech ze si vun Dir huet mech opgeziert. Ech bieden Dech, bei Denge Foussspueren an dëser Wildnis, a bei de Wierder «Hei sinn ech. Hei sinn ech», déi Deng Auserwielten an dëser Onendlechkeet ausgeschwat hunn, a beim Otem vun Denger Offenbarung an dem duusse Wand vum Muere vun Denger Manifestatioun, maach, dass ech op Deng Schéinheet kucken, an all dat beuechten, wat an Dengem Buch ass.
*Da soll en dräimol de Gréissten Numm widderhuelen a sech verneigen, d’Hänn op d’Knéie leeën, a soen:
Sief gelueft, o mäi Gott, dass Du mir gehollef hues, Denger ze gedenken an Dech ze luewen, a mech mat Him bekannt gemaach hues, deen d’Moiesliicht vun Dengen Zeechen ass, an dass Du mech dozou bruecht hues, mech virun Denger Herrschaft ze vernäipen, a mech virun Denger Gottheet kleng ze maachen, an dat unzeerkennen, wat d’Zong vun Denger Gréisst verkënnegt huet.
*Da soll en opstoen a soen:
O Gott, mäi Gott! Mäi Réck ass gekrëmmt vun der Laascht vu menge Sënnen, a meng Noléissegkeet huet mech zerstéiert. All Kéier wann ech mäi schlecht Wierken an Deng Guttmiddegkeet bedenken, schmëlzt mäin Häerz a mir, a mäi Blutt kacht a mengen Oderen. Bei Denger Schéinheet, o Du, no deem d’Welt verlaangert! Ech gi rout am Gesiicht, wann ech mäi Bléck op Dech riichten, an ech schumme mech, meng Hänn, déi verlaangeren, zum Himmel vun Denger Generositéit ze strecken. Du gesäis, o mäi Gott, wéi meng Tréine mech dervun ofhalen, Denger ze gedenken an Deng Dugenden ze luewen, o Du, den Här vum Troun do uewen a vun der Äerd heinidden! Ech bieden Dech bei den Zeeche vun Dengem Kinnekräich an de Geheimnisser vun Denger Herrschaft, géi esou ëm mat deenen, déi s Du gär hues, wéi et Denger Generositéit entsprécht, o Här vun allem, wat besteet, a wéi et Denger Gnod wierdeg ass, o Kinnek vum Sichtbaren an Onsichtbaren!
*Da soll en dräimol de Gréissten Numm soen, sech knéien, d’Stier op de Buedem leeën, a soen:
Sief gelueft, o eise Gott, dass Du eis dat erofgeschéckt hues, wat eis no bei Dech bréngt, an eis mat all deem Gudde versuergs, wat s Du an Denge Bicher an an Denge Schrëften erofgeschéckt hues. Mir bieden Dech, o eisen Här, behitt eis virun der Onmass vun eidelen Abildungen an huele Virstellungen. Du bass, wierklech, de Mächtegen, Deen, deen alles weess.
*Da soll en de Kapp an d’Luucht hiewen, sech setzen, a soen:
Ech bezeien, o mäi Gott, wat Deng Auserwielte bezeit hunn, an erkennen un, wat d’Awunner vum allerhéchste Paradis, an déi, déi Däi mächtegen Troun ëmkreesen, unerkannt hunn. Dir gehéieren d’Kinnekräicher vun der Äerd a vum Himmel, o Här vun alle Welten!
- Bahá'u'lláh